Accident mat FoussgängerJonke Foussgänger gouf vun Auto erfaasst a blesséiert

David Winter
E Mëttwoch de Mëtteg kuerz viru 16 Auer koum et an der Rue Tour Jacob an der Stad zu engem méi uergen Accident, bei deem e Foussgänger blesséiert gouf.

De Jugendlechen, deen a Richtung Cents ënnerwee war, ass hannert engem Bus iwwert d'Strooss gaangen, wéi kuerz drop en Auto de jonke Foussgänger ze pake krut. Doropshi gouf de Jong géint en Auto geschleidert, deen aus der anerer Richtung koum.

Nodeems d'Affer versuergt gouf, koum et an d'Spidol. Wéi d'Police matdeelt, géif 1. Informatiounen no keng Liewensgefor bestoen. De Verkéier war op der Plaz fir ronn 20 Minutten deels blockéiert.

Den 112 schwätzt iwwerdeem just vun engem liicht Blesséierten.

Nieft enger Ambulanz waren och de Samu an d'Pompjeeën op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO