
Och dëse Samschdeg gouf e jonke Mann op der Kinnekswiss iwwerfall. Hie war owes vun 3 Onbekannte mat engem Messer menacéiert ginn. D'Affer krut den Telefon a Sue geklaut. D'Täter haten tëscht 17 an 20 Joer, waren allen dräi ëm déi 1,80 Meter grouss an haten däischter Kleeder an eng Mask un.
En anere jonke Mann gouf zu Bartreng op engem Busarrêt an de Rue Dicks iwwerfall. En Onbekannten huet den Handy mat de Kopfhörer geklaut.