Brutalen Iwwerfall zu EttelbréckJonke Mann gouf vu 4 Onbekannten ugegraff a beklaut
RTL Lëtzebuerg
An der Géigend vum Supermarché krut d'Affer seng Jackett, Posch a säin Handy vu 4 Männer geklaut.
Update: 10.12.2025 11:19
2 vun den Dotverdächtege konnte kuerz dorobber op der Ettelbrécker Gare ermëttelt ginn. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl an haten en Dënschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.