Steve Duarte net den eenzegenJonken Dschihadist vu Bartreng 2013 a Syrien gestuerwen

Pierre Weimerskirch
De Steve Duarte war net deen eenzege Mann, deen aus Lëtzebuerg an den Djihad gezunn ass. De Jean Asselborn hat 2014 vu 6 Persoune geschwat.

Am September hate mer ee längere Reportage iwwert de presuméierten Dschihadist Steve Duarte. Schonn Enn 2014 huet den Ausseminister Jean Asselborn vu 6 Persoune geschwat, déi vu Lëtzebuerg aus an den Djihad gezu sinn. Am Kader vun de Recherchen iwwert de Fall Duarte ass eis Redaktioun och op Nimm gestouss vun anere Leit, déi a Syrien oder den Irak gaange sinn.

Lëtzebuerger Dschihadist a Syrien gestuerwen
De Steve Duarte war net deen eenzege Mann, deen aus Lëtzebuerg an den Djihad gezunn ass. De Jean Asselborn hat 2014 vu 6 Persoune geschwat.

Ee vu senge Spëtznimm war „frère luxembourgeois“. Riets geet vun engem jonke Mann, deen RTL-Informatioune no zu Bartreng an d‘Schoul gaangen ass an 2013 mat 22 Joer an den Djihad a Syrien gezunn aus.

Dës Informatioune sinn aus dem Urteel iwwert de Jean-Louis Denis, dee vun der Belsch aus Leit fir den hellege Krich rekrutéiert huet. De Belsch krut 5 Joer Prisong an ass zanter leschtem Joer nees op fräiem Fouss. Alles Dokumenter, déi RTL vun engem Belsche Journaliste-Kolleeg vum Het Nieuwsblad zur Verfügung gestallt goufen.

De Jean-Louis Denis hat reegelméisseg Kontakt mat Auslänner, déi vun Europa aus a Syrien wollten. Aus den Dokumenter, déi eis virleien, gesäit een, wei Leit aus Lëtzebuerg rekrutéiert goufen. Zu Bréissel sinn de jonke Mann vu Bartreng, deen déi franséisch Nationalitéit huet, an den Davide De Angelis, deen am Juli 2014 vun der Lëtzebuerger Justiz zu Kanech verhaft gouf an u Spuenien ausgeliwwert gouf, weider radikaliséiert ginn. Den deemools 22 Joer ale Mann, deen zu Lëtzebuerg grouss ginn ass, war fir d'Weiderbildung zu Bréissel. An engem Bréif, deen hie sengen Elteren hannerlooss huet, erkläert hien:

«Il a fait la connaissance de « frères » qui l’ont incité au jihad et à partir en Syrie.»

Vu Bréissel aus iwwert d'Tierkei huet hie sech ugangs 2013 a Syrien der Al-Nursa-Front ugeschloss, enger salafistescher Terrorgrupp, déi a Syrien scho virum islamesche Staat aktiv war.

Seng Elteren, déi nach ëmmer zu Lëtzebuerg liewen, goufen ugangs Mee 2013 iwwert den Doud vun hirem Jong informéiert.

An och wann d'Autoritéiten dovun ausginn, datt hie mat grousser Warscheinlechkeet am Mee 2013 zu Aleppo ëm d'Liewe koum, feelt allerdéngs de leschte Beweis. Hie gouf nom franséische Recht en absence zu 10 Joer Prisong verurteelt, esou d'Informatiounen vum Centre d'Analyse du Terrorisme.

REPLAY: Vu Meespelt an den Djihad: RTL-Interview mam Steve Duarte
Reportage "Vu Meespelt an den Jihad": De Wee vum Petz Bartz an e geheime syresche Prisong
Steve Duarte: Gëtt et eng Enquête am Irak?

Back to Top
CIM LOGO