Steve DuarteGëtt et eng Enquête am Irak?

Petz Bartz
Am Kontext vum RTL-Interview-Reportage vum presuméierten Terrorist Steve Duarte sinn eng ganz Rei Froen opbliwwen.
Duarte: Gëtt et eng Enquête am Irak?
Am Kontext vum RTL-Interview-Reportage vum presuméierten Terrorist Steve Duarte sinn eng ganz Rei Froen opbliwwen.

Zemools déi, déi d’Justiz betreffen. Den Aussoe vum Ausseminister Jean Asselborn no gedenkt d’Regierung net, der Saach eng Suite ze ginn. D’Justiz awer huet 2016 schonn en internationalen Haftbefehl géint de Steve Duarte ausgestallt.

Besteet doranner e Widdersproch? De Petz Bartz huet mat engem Expert vum internationale Stroofrecht geschwat a wot eng Hypothese.

Onofhängeg vun der konkreter Beweislag hat e Procureur 2016 zu Lëtzebuerg, nodeems deen Exekutiounsvideo vu Mosul am Irak bekannt gouf, e Mandat d’arrêt géint de Steve Duarte ausgestallt. Fir de portugiesesche Geheimdéngscht an d’Anti-Terror-Eenheet vun der portugiesescher Police Judiciaire steet bis haut fest, dass et den Duarte ass um Video.

Mir woen d’Hypothes, dass och déi irakesch Justiz an déi Direktioun enquêtéiert, well präzis déi Hiriichtung, wuel eng vu ville vum IS, awer eben noweislech op irakeschem Territoire war, 2016 am Januar zu Mosul – an - well den Tarik Jadaoun schonn zu Baghdad sëtzt, ee Krounzeien, deen den Duarte a sengen Aussoe schwéier belaascht an als Emir vum IS identifizéiert hat.

Dem Anti-Terror-Geriicht zu Baghdad, an der sougenannter Grénger Zone um Tigris, geet eleng eng Memberschaft am IS duer fir d’Doudesstrof, egal op eng Läich fonnt gouf oder net an och egal, ob den Ugeklote gekämpft oder gebak huet. Iwwer 3.000 IS-Terroristen huet d’Geriicht bis ewell zum Doud condamnéiert. Exekutéiert gouf nach keen. Mënscherechtler hunn de Verdacht, dass d’Prisonéier och Folter ausgesat sinn.

D’Positioune vun der Lëtzebuerger Regierung, grad wéi déi vun der Lëtzebuerger Justiz, bleiwen e Rätsel an et gëtt och um Mikro vill ronderëm de Bräi geschwat.

Bis ewell huet keen ons gesot, hannert wat ee sech am Fong verstoppt. Am Fall vun engem Uerteel zu Baghdad léich déi konsularesch Ofwécklung vum Fall Duarte souwisou an der Kompetenz vu Lissabon, well de Mann just e portugiesesche Pass huet.

Virun allem awer sëtzt de Prisonéier Steve Duarte guer net am Irak am Prisong, mee a Syrien. Ausliwwerungen op Baghdad si fir d’Kurden e kompletten Tabu. Déi 13 Fransousen, déi een den Iraker ugangs des Joers nach ginn hätt, bereit een als schwéiere Feeler. Kurdesch Geriichter befaasse sech awer och net mat auslänneschen Jihadisten.

De Prof. Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg: Schonn eleng aus Respekt virun den Affer vum Terrorismus missten déi Schëlleg viru Geriicht gestallt ginn, wann een als Rechtsstaat seng Kredibilitéit wëll behalen.

Hei eng Partie vun de VIDEO-Reportagen, déi de Steve Duarte betreffen:

VIDEO: Reportage iwwer Affär Steve Duarte
De Steve Duarte, de presuméierten Dschihadist vu Meespelt setzt am Norde vu Syrien an engem geheime Prisong vun den SDF (Syrian Democratic Forces).
VIDEO: Radikaliséierung zu Lëtzebuerg
Zanter knapp zwee Joer gëtt et de Lëtzebuerger Zenter géint Radikalisatioun "respect.lu", dee virop Präventioun mécht.
VIDEO: Asselborn vertraut am Fall Duarte an d'Justiz
En Donneschdeg de Moie war den Ausseminister eisen Invité vun der Redaktioun.

REPLAY: Vu Meespelt an den Jihad: RTL-Interview mam Steve Duarte
RTL NEWS: De Wee vum Petz Bartz an e geheime syresche Prisong
RTL NEWS: "Ech wëll zeréck op Lëtzebuerg", sou de Steve Duarte
RTL NEWS: Parlamentaresch Fro: Wéi geet et mam Steve Duarte weider?
RTL NEWS: Respect.lu prett, fir Ex-IS-Kämpfer opzehuelen
RTL NEWS: 1. Interview mam IS-Kämpfer Steve Duarte
RTL NEWS: Parquet confirméiert Lëtzebuerger IS-Kämpfer a syreschem Camp

Back to Top
CIM LOGO