Mérite JeunesseJonker ausgezeechent fir hir Aarbecht fir de gudden Zweck

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg goufen en Donneschdeg vun der Fondatioun "Mérite Jeunesse Luxembourg“ Jonker ausgezeechent fir hir karitativ Aarbecht.

De Präis gëtt et zanter 1993, ma gouf Ufanks just fir Schüler aus der Europa-Schoul ugebueden. Zanter 2018 participéieren awer 34 verschidden Organisatiounen a Schoulen. D'Auszeechnung huet schonns iwwer 8 Millioune Participante weltwäit inspiréiert. Dovun sinn der och puer aus dem klenge Lëtzebuerg.

D'Konzept ass relativ einfach. Et muss een a 4 Kategorien ofschléissen. Dës sinn: Benevolat, e physeschen Akt, Talent an eng Aventure op Trëppelweeër.

D'Zil ass et, deene Jonke méi Selbstvertrauen, Responsabilitéit an Teamgeescht mat op de Wee ze ginn. D'Zuel vun de Participantë géif all Joer an d'Luucht goen, soen d'Responsabel vum Programm.

Den Evan a säin Associé, den Tom, kruten d'Auszeechnung dëst Joer fir hire Peanut-Botter Projet. De Profit vum Verkaf geet u verschidden Associatiounen, déi all 6 Méint, via Vott, op den Soziale Medien decidéiert ginn. Den Ament ginn d'Suen un d'Stëmm vun der Strooss.

Eng Bronze-Auszeechnung goung och un den Federico fir ënner anerem säi „Kick fir Krankheeten“: Ee Futtball-Tournoi, dee ganzer 30 Stonnen dauert, an esou Sue fir den Téléthon sammelt.

Mérite Jeunesse
Jonker ausgezeechent fir hir Aarbecht fir de gudden Zweck.

Back to Top
CIM LOGO