
Jonker hëllefe Kanner, dorëms geet et beim Projet Aurékids. De Projet Aurékids gouf 2017 vun deene jonke Meedercher Aurélie Wagener a Livia Blatt an d’Liewe geruff, fir de Kanner tëscht 8 an 13 Joer mat Nohëllefsstonnen ze hëllefen, entweder privat oder fir Schoulen. D’Zil ass et, de Kanner eppes op spilleresch Aart a Weis bäizebréngen. Aktuell hëllefen eng 6 Leit beim Projet. Ënnert anerem bidden se Nohëllefsstonnen fir d’Cyclen C3 a C4 fir d’Gemeng Koplescht un. An Zukunft soll de Projet Aurékids awer weider ausgebaut ginn a weider intresséiert Schoulen a Gemengen hei am Land unzéien.
