"Localize it"Jonker op Gefore vun "Binge-Drinking" opmierksam maachen

RTL Lëtzebuerg
Mat der Campagne "Localize it" wëll een deene Jonken d'Drénken net verbidden, ma hinnen d'Risike vum Alkohol méi no bréngen.
"Localize it": Campagne géint "Binge-Drinking" bei Jonken
Mat der Campagne "Localize it" wëll een deene Jonken d'Drénken net verbidden, ma hinnen d'Risike vum Alkohol méi no bréngen.

Bei Iessen, um Bal oder owes mat Kollegen drénkt ee gär ee Patt. A vläicht munchmol och ee Glas ze vill. Fir op d'Gefore vum sougenannte Binge-Drinking opmierksam ze maachen, hunn zwou Gemengen aus dem Grand-Duché bei enger europawäiter Campagne matgemaach. D'Initiativ „Localize It!“ wëll déi Jonk responsabiliséieren.

Wat sinn d'Gefore vum Alkohol a wéi kann ee responsabel drénken? Dat hunn déi Jonk aus dem Jugendhaus vun Diddeleng bei Ateliere geléiert. Si hunn zum Beispill Cocktailen ouni Alkohol gemixt an d'Rezepter mat flotte Logoen op Béierdeckelen drécke gelooss. Déi ginn elo a Bistroen ausgedeelt.

Localize It! Eng Campagne géint Binge-Drinking

D'Campagne beschäftegt sech mam sougenannte Binge-Drinking, dem Rauschdrénken. Dovunner schwätzt een, wann een no kuerzer Zäit 0,8 Promill Alkohol am Blutt huet an esou d'Gefill vun engem „Rausch“ erlieft. An dat ka ganz séier goen.

D'Preventioun wier wichteg, fir net ze wäit ze goen. Zemools bei deene Jonken, déi fir d'éischt mat Alkohol a Kontakt kommen. Et géif näischt bréngen, alles ze verbidden, ma et misst een deene Jonken d'Risike vum Alkohol bäibréngen, heescht et beim Centre de Prévention des Toxicomanies.

Déi Jonk aus dem Jugendhaus hätte jiddefalls vill bäigeléiert, fir wa si déi nächst Kéier mat Kollegen eraus ginn oder och fir d'Zukunft, wa si al genuch sinn.

Nieft dem Jugendhaus vun Diddeleng huet och de Lycée Nic Biver an d'Jugendhaus vu Munneref matgemaach. Si hunn ënnert anerem Affichen a Kaarten entworf. De „Localize It!“ Projet huet 2 Joer gedauert an geet elo dem Enn zou.

Back to Top
CIM LOGO