
Wéi de Statec um Mëttwoch de Moie matdeelt, ass d’Joresinflatioun am August mat 6,8% stabel bliwwen.
D’Pëtrolsproduite sinn ëm 5,5% zeréckgaangen. Et ass déi zweet Baisse hannerteneen. Dogéint hunn d’Reeskäschten awer ëm méi wéi 7% zougeluecht. Och bei de Liewensmëttel weisen d’Präisser weider no uewen. Déi sinn am August par Rapport zu Juli ëm bal 1% an d’Luucht gaangen.
E puer Produiten erausgepickt. Frëscht Uebst, Ueleg a Béier hunn all eng Hausse vun ëm déi 3% notéiert. Am Verglach mam leschte Joer sinn d’Liewensmëttelpräisser 8,3% méi héich wéi nach 2021, den Alkohol 3,8%.

