D'Directrice vun der Bauerenzentral, Josiane Willems, hofft, datt et op d'mannst eng Verlängerung vun der Autorisatioun fir 5 Joer wäert ginn. De Glyphosat wier am landwirtschaftlechen Alldag immens wichteg fir Onkraut ze bekämpfen. D'Mëttel u sech wier ganz gutt, wat sech och liicht ofbaut a kaum vun de Planzen opgeholl gëtt.
Hei an de Regiounen gëtt et och vill agesat fir eng reduzéiert Buedembeaarbechtung. Et géifen den Ament nach keng valabel Alternative ginn, a fir d'Sprëtz duerch de Plou ze ersetzen, dat géing net just méi Zäit kaschten, et hätt och Auswierkungen op de Klimawandel.
Dass d'Fro am Raum steet, datt de Glyphosat gesondheetsschiedlech- respektiv kriibserregend kéint sinn, ass de Bauere ganz sécher net egal, seet d'Josiane Willems. Ma d'Etudë géife sech widderspriechen.
Et géif net méi op wëssenschaftlech baséierte Fakten diskutéiert ginn, mä emotional an ideologesch.
Den Dialog mat de landwirtschaftlechen Acteure wier hei zu Lëtzebuerg jiddefalls net gesicht ginn, esou nach d'Josiane Willems.
D'Lëtzebuerger Regierung ass jo géint eng Verlängerung vun 10 Joer. Allgemeng wier d'Positioun awer net ganz kloer, bedauert d'Directrice vun der Bauerenzentral. Wahrscheinlech wier et awer esou, datt den Ëmweltministère sech hei géint de Landwirtschaftsministère duerchgesat hätt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.