
Den Ëmweltministère huet eng entspriechend Demande vun der Jeeërfederatioun accordéiert.
Wéinst dem Risiko vum Wëldschued wier et wichteg, datt d'Juegd ka praktizéiert ginn, och owes no 23 Auer a moies viru 6 Auer, schreift d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
Dës Exceptioun gëllt awer just fir Persounen, déi déi néideg Piècë kënne virweisen, wéi zum Beispill e Juegdschäin.
