
E Grupp vu Jugendlecher hätt déi 3 ugeschwat an dono beklaut. 5 Täter sollen d’Affer mat engem Messer menacéiert hunn an hinnen eng Jackett, en Handy a Lautsprecher a Kopfhörer geklaut hunn.
Dono sinn d’Täter an onbekannte Richtunge geflücht. Eng Sich säitens der Police huet näischt bruecht. Kee gouf beim Virfall blesséiert.
Um Véierel fir 9 Auer war dann enger Patrull an der Stad e Grupp vu Jugendlechen opgefall, déi sech suspekt verhalen hunn, wéi se d’Polizisten erbléckst haten. D’Beamten haten den Doute, dass eng Persoun en Säbel dobäi hätt, well si e Grëff gesinn haten. Si hunn de Grupp kontrolléiert a si sollte Recht behalen. Déi verbuede Waff gouf sécher gestallt an et gouf Plainte gemaach.
Kuerz no 21 Auer e Méindeg den Owend krut d’Police gemellt, dass eng Persoun op enger Pompelstatioun an der Lëtzebuerger Strooss zu Diddeleng erwëscht gouf, wéi se Alkoholfläschen geklaut huet. Den Déif konnt op der Plaz ugehale ginn, bis d’Polizisten do waren, déi hunn den Déifstall dunn notéiert.