
Zil ass et, de Strummerten net nëmme moralesch Ënnerstëtzung ze ginn, mä och op juristeschem Plang ze hëllefen.
Se agéieren am perséinleche Numm, sinn d’accord mat der Lutte géint organiséiert Heescherei, schwätzen awer vun enger onwierdeger Juegd op déi klassesch Heescherten.
Et sinn déi scho bekannte juristesch Argumenter an et wier politesch onéierlech mam Zil, lästeg Matmënschen lass ze ginn.
Nei ass wéi gesot de Volet vun der juristescher Ënnerstëtzung, och wann een dervunner ausgeet, dass de Parquet Fäll vu klassescher Mendicitéit horizontal wäert klasséieren.
Trotzdeem wëll ee Rechtssécherheet.
Den Hoken ass awer, dass d’Associatioun sech net selwer ka saiséieren
“Also”, esou de Jurist a Matbegrënner Tom Krieps, “ass also déi eenzeg Aart a Weis juristesch géint dat do vir ze goen, wier dass ee géif ee Concernéierte fannen, also ee Mënsch, dee keen Daach iwwert dem Kapp hätt a géif virgoe géint dem Minister Gloden seng Decisioun ...”
Et hofft een e Strummert vun enger Aktioun viru Geriicht iwwerzeegt ze kréien an ze begleeden. D’Associatioun huet och scho 4 Affekoten bei Hand, déi fräiwëlleg asprangen.
D’Associatioun “Solidaritéit mat den Heescherten” wëll weider sensibiliséieren. Zum Beispill mat enger Liichterketten an der Stad.
An dat op Liichtmëssdag, dem Dag wou d’Kanner eben heesche ginn.