
Wéi de CGDIS mellt, koum et géint 18 Auer zu Iechternach an der Lëtzebuerger Strooss zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Sur Place waren d'Ambulanz, d'Pompjeeën an de Samu vun Iechternach.
Da gouf kuerz virun 19.30 Auer e Kand zu Wäisswampech vun engem Auto ugestouss. Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Ëlwen, de Samu aus der Stad, ewéi och de Rettungshelikopter.
Eng weider Persoun gouf du géint 21 Auer zu Stroossen an der Rue des Carrefours vun engem Auto ugestouss.
Géint 8 Auer war et dann nach eng Kollisioun tëscht engem Auto an zwee Motocyclisten zu Ettelbréck. Eng Persoun gouf hei schwéier blesséiert. Déi zwou aner koume mat méi liichte Blessuren ewech.
Wéi de CGDIS mellt koum et de Sonndeg de Mueren zu zwee Accidenter op eise Stroossen an dat zweemol um kuerz no 10 Auer.
Zu Rolleng hate sech an der Avenue de l'Europe zwee Autoen ze pake kritt. 2 Persoune goufe blesséiert. D'Ambulanz an d'Hëllefsdéngschter vu Käerjeng a Péiteng waren am Asaz.
Kuerz drop da gouf en Accident op der Wämperhaart gemellt. Am Rondpoint op der Haart hunn en Auto an e Moto kollidéiert. D'Ambulanz vun Ëlwen an d'Hëllefsdéngschter vu Wäisswampech waren op der Plaz. Eng Persoun gouf blesséiert.