
Dat geet aus engem Rapport vu Bee Secure ervir, deen op enger Ëmfro baséiert, déi bei Kanner a Jonken, souwéi bei Elteren an Enseignantë gemaach gouf.
Mat 10 Joer hunn da schonn 81 Prozent esou en Apparat am Grapp gehat. Bee Secure huet dofir och gefrot, wat d’Kanner dann eigentlech um Smartphone oder um Tablet maachen. D’Debbie Plein, Coordinatrice bei Bee Secure:
“Dat ass ganz intressant, well d’Eltere soen, déi éischt Aktivitéite si Fotoen, Filmer a Videoe kucken, a wann ee Kanner tëschent 8 an 12 Joer freet, kënnen déi sech dacks guer net méi drun erënneren, wéi al se eigentlech waren, wéi se déi éischte Kéier e Smartphone oder soss en Apparat benotzt hunn. Si soen dann och Filmer a Fotoe kucken oder Spiller spillen, sinn déi éischt Aktivitéiten, un déi se sech erënneren.”
Déi beléiftsten Applikatiounen am Alter tëschent 8 an 18 Joer si Whatsapp, Snapchat, Tik Tok an Instagram.
Bee Secure seet, d’Zäit, déi virum Ecran verbruecht géif, wier relativ héich.
D’Hallschent vun den Eltere soen, si selwer géifen ze vill Zäit mam Smartphone oder Tablet verbréngen a bei de Jonken tëschent 12 a 16 Joer soe 45 Prozent , si géifen iwwerdreiwen.
“Wann een da freet, wat nach gesond ass a wou et schonn an eng problematesch Richtung geet, kann et sinn, datt eng Norm, déi et fréier gouf, sou lues verréckelt. Hei warnen d’Experte vun ZEV, dem Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht, datt een dat am A soll halen. Datt ee soll kucken, wat mir Mënsche brauchen a wat nach gesond ass.”
De Begrëff Ofhängegkeet géif ganz séier benotzt ginn. Dat sollt een awer net maachen, seet d’Coordinatrice vu Bee Secure. Et kéim ëmmer drop un, wat ee soss nach am Liewe mécht.
Jonker, déi gefrot goufen, wat hir Liblingsaktivitéite sinn, nenne Sport mat 46 Prozent op der éischter Plaz, Frënn a Famill mat 11 Prozent op der zweeter Plaz a Videospiller mat 9 Prozent op der drëtter Plaz.
All 5. Jonke seet iwweregens, hie wier schonn eng Kéier Affer vu Cyberkriminalitéit gewiescht, an op der Bee Secure Helpline gëtt festgestallt, datt ëmmer méi Jonker Affer vu “Sextorsion” ginn, dat heescht, datt se erpresst ginn, well se engem intim Fotoe vu sech geschéckt hunn.
An der Emissioun Pisa hat eng jonk Studentin dräi Deeg op hiren Handy verzicht. Wat huet dat an hir ausgeléist?
Wéi de Smartphone eist Liewe positiv an negativ beaflosse kann