EttelbréckKapazitéite vu Schluechthaus ginn duer, sou de Claude Haagen

RTL Lëtzebuerg
D'Kapazitéite vum Ettelbrécker Schluechthaus ginn duer, fir der Demande gerecht ze ginn, wann dat zu Wecker zoumécht, sou den LSAP-Landwirtschaftsminister.
© RTL

Dat sot hien e Freideg am Kader vu senger Entrevue mat der Direktioun vum Abattoir zu Ettelbréck. Et wier wichteg ee Schluechthaus zu Lëtzebuerg ze halen, fir kuerz Weeër vun de Bauerenhäff ze versécheren, wat am Interêt vum Déierewuel wier, sou de Claude Haagen. Iwwer d’Agrargesetz hätt de Ministère och d’Méiglechkeet, Investissementer ze kofinanzéieren, wa se zu Ettelbréck sollten néideg ginn.

Communiqué vum Landwirtschaftsministère

Back to Top
CIM LOGO