5 Accidenter um DonneschdegowendKarambolage tëscht 6 Gefierer op der A1 Richtung Gaasperech

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg Owend koum et zu engem Accident op der Tréierer Autobunn a Richtung Gaasperech, kuerz hannert dem Rondpoint Iergäertchen.
© Archiv

Duerch den Accident ware béid Spuren op der Autobunn fir eng Zäit blockéiert. Vill vun den implizéierte Gefierer ware schwéier beschiedegt, esou datt si hu missten ofgeschleeft ginn.

Géint 21.15 Auer hate sech och op der Tréierer Autobunn Direktioun Stad, tëscht dem Kierchbierg an dem Tunnel Cents, 3 Ween ze pake krut. Och hei goufen dräi Persoune verwonnt.
Weider mellt de CGDIS en Accident en Donneschdeg kuerz no 21 Auer tëscht Wallenduerf-Pont an Dillingen. Ee Chauffer war mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm an an ee Rampli gerannt.

An all kéiers ee Blesséierte gouf et och an engem Accident géint 21.30 Auer an der Rue Guillaume um Belair a kuerz no Mëtternuecht, op der Collectrice tëscht Keel a Schëffleng.

Back to Top
CIM LOGO