"Handelen fir d’Häerz vun de Fraen"Kardiovaskulär Problemer bei Fraen a méiglech Preventiounsmesuren

Lynn Cruchten
D’Fraen misste léieren op hire Kierper ze lauschteren a verschidde Symptomer net erofzespillen, esou d'Fondatioun "Agir pour le coeur des femmes".
"Handelen fir d’Häerz vun de Fraen"
RTL huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir méi iwwer Häerz-Kreeslaf-Problemer bei Fraen gewuer ze ginn.

“Handelen fir d’Häerz vun de Fraen”, esou heescht iwwersat eng franséisch Fondatioun, déi sech zum Haaptzil gesat huet, d’Gesellschaft ze sensibiliséieren a besser opzeklären iwwer kardiovaskulär Problemer bei Fraen a méiglech Preventiounsmesuren.

Op Invitatioun vun der Amicale vun de Patienten vum Lëtzebuerger Häerz-Zenter, dem INCCI, waren d’Grënner vun där Fondatioun, dDr. Claire Mounier-Véhier an den Thierry Drilhon, rezent hei am Land.

RTL huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir méi iwwer Häerz-Kreeslaf-Problemer bei Fraen gewuer ze ginn, déi an de leschte Joren, net nëmmen zu Lëtzebuerg, Doudesursaach Nummer 1 bei de Fraen waren.

Den héchste Mortalitéitstaux duerch en Häerzinfarkt géif et bei de Fraen tëscht 45 a 54 Joer. Fraen hätten 3 méi kritesch Risiko-Phasen an hirem hormonelle Liewen a se hätten och deels aner Symptomer virun engem Häerzinfarkt, ewéi Männer.

D’Fraen misste léieren, op hire Kierper ze lauschteren a verschidde Symptomer net erofzespillen. Parallel dozou wier et och wichteg, datt dat medezinescht Personal méi sensibiliséiert géif a scho bei éischten Unzeechen d’Frae géif eescht huelen.

Back to Top
CIM LOGO