Invité vun der Redaktioun (1. Juni)Karin Schintgen iwwert Ouverture vum House of Startups

RTL Lëtzebuerg
Invitée vun der Redaktioun e Freideg de Moien war d'Karin Schintgen CEO vum Haus fir Start-Uppen
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Karin Schintgen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'House of Start-Up soll op enger Plaz all d'Acteure vun der Innovatioun beieneebréngen.
An der Rue du Laboratoire an der Stad fanne mer vun elo un Incubateuren an Accélérateuren ënnert engem Daach. Hir Roll ass et, fir Start-Uppen fir eng méi laang Zäit logéieren.

D'Karin Schintgen

D'Roll vun der Host sou wéi déi vun den Incubateuren ass an der Haaptsaach fir d'Start-Uppen ze vernetzen, fir se zum Beispill méi no un d'Wirtschaft erunzebréngen. D'Demande vu Start-Uppe wier jiddefalls grouss, seet d'Karin Schintgen an de Rekrutement géing ganz gutt lafen.

D'Initiativ fir dat Ganzt koum iwwregens vun der Chambre de Commerce. E Freideg de Mëtteg ass déi offiziell Ouverture.

Invitée vun der Redaktioun e Freideg de Moien war d'Karin Schintgen CEO vum Haus fir Start-Uppen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO