Traditiounshaiser wéi Leweck, Cravat oder Hôtel de la Sûre vun Esch/Sauer leide massiv ënnert der Kris. Annuléiert Hochzäiten, Seminairen, Reservatiounen an Null Perspektiven, wéini d'Situatioun sech wäert normaliséieren.
D'Käschte lafe weider, awer Rentréeë ginn et keng. Äntwerte ginn et och keng, zum Beispill wéi e Restaurant soll nom Enn vum Confinement fonctionéieren oder wéini d'Grenzen nees opginn an d'Touriste kënne kommen. D'Hëllefe vum Staat ginn zwar begréisst, awer se géinge bäi Wäitem net duergoen.
Wierklech hëllefe géing et hinnen, wann de de Staat d'Parts patronales géif fir si iwwerhuelen, soten d'Patrone vun den 3 Betriber.

RTL-Artikel: Fir déi traditionell Summervakanz gesäit de Secteur schwaarz