Lëtzebuerger TourismusbrancheFir déi traditionell Summervakanz gesäit de Secteur schwaarz

Jeannot Ries
Duerch de Coronavirus steet d'Tourismus-Branche aktuell virun hirer gréisster Erausfuerderung.
Fir déi traditionell Summervakanz gesäit de Secteur schwaarz
Duerch de Corona-Virus steet d'Tourismus-Branche aktuell virun hirer gréisster Erausfuerderung.

Bloen Himmel, 22 Grad, awer keng Mënscheséil op der Maartplaz zu Iechternach. Normalerweis hätt d'Saison Ouschteren ugefaangen. E weideren Héichpunkt ass Päischten d'Sprangprëssessioun, ma och déi ass schonn ofgesot.

"Situatioun war elo déi, datt en Deel vun de Betriber guer net opgemaach hunn. Se ware just am gaangen, d'Ouverture ze preparéieren, dunn ass de Lockdown komm. Sou datt verschidde Betriber guer keng Chance haten, fir schonn en Euro ze verdéngen", sou Sandra Bertholet vum ORT Mellerdall.

Bis Oktober ass et nach laang. D'Heeméint Juni, Juli, August, bannent deenen am Mëllerdall 50% vum Ëmsaz gemaach ginn, stinn nach an d'Haus. Positiv ass: et gi Reservatiounen. Déi trei Clientë waarden den Ament of: wat geschitt? Op der anerer Säit géif sech d'Branche och relativ flexibel weisen, wat eventuell Annuléierungskäschten ubelaangt.

"Et ginn elo zwee Strategesch Datumer: de 4. Mee. Wat maachen eis däitsch Kolleege mat de Grenzen? Gëttet  nach eng Kéier eng Verlängerung vun der Grenz, déi zou ass? Sou laang déi Grenz zou ass, si mir sou wéi sou gehandicaped. Quitt datt souwisou nach eng Reeswarnung besteet. An et den Ament heescht 'Bleif doheem'. An dann hu mer den 11. Mee, wou mer jo wësse vun eiser Regierung, datt eng Deklaratioun fir eise Secteur wäert kommen. Ech denken, datt an enger éischter Phas och d'Vakanz Doheem vum Lëtzebuerger e wichtege Sujet wäert sinn", sou d'Sandra Bertholet weider.

Wéi de Flux vun Dagestouristen an Zäite vum "op Distanz bleiwen" geréieren? Zum Beispill an der Natur, op de Wanderweeër. Vakanz am eege Land? Oder Regional? An engem Ëmkrees vun zwee- bis dräihonnert Kilometer? Uewenaus um Camping "op Kéngert" huet d'Linda Gedink gespaant de Bléck op Bréissel gericht. Wat decidéieren d'Europäesch Minister? Ginn d'Grenzen op? Kennen hir Clienten d'Hollänner, d'Belsch, déi Däitsch scho fir Christi Himmelfaart op Lëtzebuerg kommen?

"Éisträich huet et elo schonn als Beispill ginn, datt se wëlle probéieren, en Accord mat Däitschland ze kréien. Sou en Accord wier menger Meenung no och méiglech tëschent de Benelux-Länner. Do gëtt et jo schonn historesch eng gutt Zesummenaarbecht. Wann d'Regierung dat géing fäerdeg bréngen, dat géif dem Lëtzebuerger Tourismussecteur ganz vill hëllefen", sou d'Linda Gedink, déi zanter iwwer 30 Joer de Camping "op Kengert" geréiert.

Wann d'Hollänner an d'Belsch sech net trauen ze kommen, dann hu mer net vill ze radetten dëst Joer, sou d'Linda Dedink. Als Lëtzebuerger Camprilux-Vereenegung ass een amgaangen, zesumme mat Partner aus dem Ausland d'Liewen um Camping fir de Corona-Summer 2020 z'organiséieren. Ma um Enn ass et d'Politik, déi d'Luucht op Gréng schalte muss, fir Vakanz an der Natur op Distanz. Mat Sonnecrème an Handgel.

Secteur op Hëllef ugewisen, fir Chômage a Faillitten ze verhënneren

De ganzen Interview mam Fernand Heinisch

Weltwäit schaffen 23 Millioune Leit an deem Secteur, zu Lëtzebuerg sinn et 700-800 Persounen. Gerechent gëtt mat engem Abroch vum Ëmsaz vun 70 bis 80% zu Lëtzebuerg.

De President vun der ULAV (Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages) Fernand Heinisch huet am Interview erkläert, datt een op Hëllef ugewise wier, fir Chômage oder Faillitten ze verhënneren. D'Mesuren, wéi de Chômage partiel, missten deemno verlängert ginn.

De Fernand Heinisch

Duerch eng éischt staatlech Hëllef konnten d'Remboursementer agefruer ginn, trotzdeem riskéieren d'Reesagencen awer Liquiditéitsproblemer ze kréien.

De Fernand Heinisch huet och de Leit, déi scho gebucht hunn, geroden, net direkt selwer z'annuléieren, mä éischter ëmzebuchen, well d'Storno-Fraisen soss méi héich sinn.

Fir déi traditionell Summervakanz gesäit de Secteur schwaarz.

RTL-Artikel: Hoteller an der Kris: Käschte lafe weider, Hëllefe vum Staat ginn net duer

Back to Top
CIM LOGO