
Et wier eng éischter ongewéinlech Fro, déi mir de CFL gestallt hunn. Ma zu Paräis op der Gare vu Montparnasse gouf et den 2. Januar dëst Joer esou e Fall. En Zuch vun der franséischer Bunn ass iwwert eng Kaz gefuer, déi sech wëssentlech ënnert dem Zuch opgehalen huet. D’Meeschtesch an hir Duechter hu misse mat ukucken, wéi hire geléifte Kueder Neko vum Zuch iwwerrannt gouf.
Wa sech zu Lëtzebuerg wëssentlech en Déier ënnert engem Zuch géing verstoppen, géing dësen net lassfueren, erklären d’CFL eis op Nofro hin. An deem Fall, oder wann e Mënsch oder en Objet op d’Schinne fält, soll een direkt d’CFL-Personal informéieren oder d’SOS-Borne benotzen. Am Noutfall kann och den 113 ugeruff ginn, deen an direkter Verbindung mat der CFL-Betriebszentral steet an esou déi néideg Schrëtter aleede kann.
Fir d’Déier ënnert dem Zuch eraus ze kréien, géinge forméiert Mataarbechter, déi zu all Moment mam Stellwierk a Kontakt stinn, zesumme mat engem Surveillant mat Sécherheetsschong a -gilet an d’Gleis goen. Falls et dem Personal vun de CFL net méiglech wier, d’Déier ze retten, ginn d’Pompjeeën dobäi geruff.
De CFL no ass zu Lëtzebuerg de Risk vun engem Stroumschlag fir Déier a Mënsch op de Gleiser geréng, esoulaang de Sécherheetsofstand zu der Catenaire, also der Uewerleitung, iwwert dem Zuch agehale gëtt. Allgemeng ass et awer verbueden, sech op de Schinnen opzehalen, well ënnert anerem de Risk besteet, vun engem Zuch iwwerrannt ze ginn. Op de Quaie solle Passagéier hannert der wäisser Linn stoe bleiwen, wat den néidege Sécherheetsofstand zu den Zich garantéiert a gläichzäiteg d’Fale vun Objeten an d’Gleis evitéiert.
Kënnt et awer eng Kéier zu esou engem Fall zu Lëtzebuerg, gräift d’Déiereschutzgesetz, wéi d’Responsabel fir Déierewuel bei der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung, d’Berit Majeres, erkläert. Am iwwerschafften Déiereschutzgesetz vun 2018 ass et verbueden “de mettre à mort de façon cruel un animal”. Dëst wier en Delit, dee viru Geriicht geet a mat Amenden tëscht 251 Euro an 200.000 Euro an 8 Deeg bis 3 Joer Prisong bestrooft ka ginn.
Am Fall vum Kueder Neko, deen zu Paräis vum Zuch iwwerrannt gouf, huet d’Déiereschutzorganisatioun “30 millions d’amis” Plainte wéinst “schwéierer Mësshandlung a Grausamkeet, déi zum Doud vun engem Déier gefouert huet” géint d’SNCF gemaach. Sollt et zu engem Prozess kommen, kéint e Geriicht dofir eng Geldstrof vu bis zu 75.000 Euro an eng Prisongsstrof vu 5 Joer prononcéieren.