Datt Déiere vun Zich iwwerrannt ginn, héiert een ëmmer rëm. Dëse Fall huet awer fir souvill Opreegung gesuergt, datt souguer e Minister sech zu Wuert mellt
De Fall vun der Kaz, déi zu Paräis vun engem Zuch doutgefuer gouf, huet a Frankräich fir Oprou gesuergt.
De Kueder Neko war mat senger Meeschtesch Georgia an där hirer 15 Joer jonker Duechter Melaina op der Gare Montparnasse zu Paräis ënnerwee, wéi den Neko aus senger Transporttäsch gesprongen an ënnert engem Zuch verschwonnen ass. 20 Minutte laang hunn d'Mamm an d'Kand probéiert, d'Zuchpersonal dovun ofzehalen, datt den Zuch lassfiert - leider ouni Succès. D'Personal huet net op d'Demande reagéiert, sou datt den Zuch lassgefuer ass a virun hiren Aen hir geléift Kaz iwwerrannt huet.
"Mir hu gesinn, wéi hien an zwou Hallschente geschnidde gouf", sot dat 15 Joer jonke Meedchen der Déiereschutzorganisatioun 30 Millioune Frënn. "Si hunn eis gesot, et wier net hire Problem, et wier nëmmen eng Kaz, a mir hätte si an enger Léngt hale sollen." Nom traumateschen Erliefnis huet déi franséisch Eisebunn SNCF hinnen einfach just e gratis Billjee op Bordeaux geschenkt.
D'Organisatioun 30 Millioune Frënn huet d'SNCF antëscht wéinst "schwéierer Mësshandlung a Grausamkeet, déi zum Doud vun engem Déier gefouert huet" ugeklot. Sollt et zu engem Prozess kommen, kéint e Geriicht dofir eng Geldstrof vu bis zu 75.000 Euro an engem Prisongsstrof vu 5 Joer prononcéieren.
D'SNCF huet erkläert, datt een den "tragesche" Virfall bedauere géing, ma d'Kaz awer net hätt kënne gerett ginn, well d'Betriede vun de Gleiser wéinst der Gefor vun engem Stroumschlag strengstens verbueden ass.
De franséischen Inneminister Gérald Darmanin huet dem Sender BFMTV géigeniwwer gesot, datt hie "besonnesch schockéiert" huet, wéi d'SNCF "de schreckleche Fall" gehandhaabt huet. Op Twitter huet den Darmanin geschriwwen, datt hien "am Kader vun der Gewalt géint Déieren decidéiert huet, immens ëmfangräich Mëttel ze mobiliséieren". Ënnert anerem huet den Inneminister Formatioune fir Polizisten am ganze Land ugekënnegt, fir besser op Déierequälerei reagéieren ze kënnen.
Bei den Ermëttlunge misst elo gekläert ginn, wie strofrechtlech fir den Doud vun der Kaz responsabel ass.