Ënnert anerem mat där Pist hu sech um Mëttwoch eng Rei Deputéiert wärend der Pensiounsdebatt an der Chamber beschäftegt.
D’DP an d’LSAP hunn déi Mesuren als Pist genannt, fir de Rentesystem finanziell z’entlaaschten. Och déi Lénk sinn dofir. Aktuell ginn am Régime général, am Privatsecteur, Cotisatiounen op maximal 5 Mol de Mindestloun gehuewen.
Den DP-Deputéierten Patrick Goldschmidt huet awer dann den Deputéierten vun déi Lénk Marc Baum gefrot, ob a sengen Aen och am ëffentlechen Déngscht, wou et kee Cotisatiounsplafong gëtt, d’Rente solle limitéiert ginn? *
De Marc Baum huet kloer mat “Jo” geäntwert. Och wann et “à première vue net populär kléngt”, dierf et senger Partei no och an der Fonction publique “keng nei Pensiounsrechter vu 5 Mol de Mindestloun un” ginn. Déi Lénk hunn ausgerechent, datt déi héchst Carrière, A1, no 25 Joer nach net ënnert esou enger Mesure géing “leiden”.
Déi Gréng si géint d’Ophiewe vum Cotisatiounsdeckel ouni déi entspriechend Pensiounsrechter. D’CSV an d’ADR hu sech zu deem Sujet net direkt positionéiert.
*D’DP-Fraktioun huet ons nom Debat ugeruff, fir ze betounen, se wier géint en Deplafonnement vun de Cotisatiounen.
D’DP ass grondsätzlech géint Cotisatiounserhéijungen, esou den DP-Deputéierte Gérard Schockmel a senger Ried. Hie sot awer och, “eng weider Méiglechkeet wier et, d’Deckelung vun de Cotisatiounen, déi aktuell am generelle Pensiounsregimm bei 5x de Mindestloun oder ronn 12.500 Euro läit, entweder eropzesetzen oder ganz ofzeschafen, ouni awer gläichzäiteg d’Pensioun entspriechend ze héijen (...)”. Hien huet och vum Prinzip geschwat vun de “breede Schëlleren”, déi solidaresch mat de méi “schmuele Schëllere” wieren. De Gérard Schockmel huet dunn effektiv och Bedenke vu Betriber erwäänt, well d’Charges patronalen géinge klammen. Formell hat hien déi Pist awer net ausgeschloss.
Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz sot: “D’CSV ass fir den éischte Pilier, ass dofir, datt den 1. Pilier ganz droend Sail bleift vun dësem Pensiounssystem. An fir deen ze schwächen,dat ass iwwerhaapt net d’Absicht.”
Domat wier dem Premier säi Cappuccino-Modell am Fong vum Dësch, vun enger staatlecher Grondrent plus privat Zousazversécherungen. Spéitstens wéi och den DP-Fraktiounschef Gilles Baum sot, et géif keng Kierzunge ginn a preziséiert huet:
“Déi Leit, déi elo schonn an der Pensioun sinn, respektiv ganz kuerz virdrun, déi sollen näischt ewech geholl kréien... mee lauschter déi aner, wou soll ech iech da lo äntweren. Ech hunn ugefaange mat menge Kanner, déi elo ufänke mat schaffen an a 35 Joer an d’Pensioun ginn. Dorop kënnt dir och net äntweren, wat mer a 35 Joer eraus ginn.”
Eng Ausso, déi bestëmmt d’Gewerkschafte freet, déi déi laangfristeg ëmmer a Fro stellen. Ma déi lescht Pensiounsreform, déi vun 2012, déi ass eréischt 2052 voll ëmgesat, also op 40 Joer geplangt.
“Mir kënne confirméieren, datt mir als Regierung net wëllen, de Pensiounsalter vu 65 Joer an d’Luucht setzen. Den Age légal bleift bei 65.” Dat sot d’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez um Enn vun der Consultatiounsdebatt iwwert d’Pensiounen an der Chamber. Si sot och un de Pensiounen, déi schonn ausbezuelt ginn, géif näischt geännert. Fir de Rescht huet d’Ministerin sech bedeckt gehalen, sou datt net vill méi kloer ass a wéi eng Richtung eng méiglech Pensiounsreform géing goen. An deene nächste Wochen geet hire Consultatiounsprozess mat Experteronne virun.
Weider Elementer aus dem laange Pensiounsdébat an der Chamber sinn hei