Just virum Treffe vun den Ausseministere vun den EU-Memberstaaten hei zu Lëtzebuerg haten déi Lénk nach virun der Press kritiséiert, dass et der Lëtzebuerger Regierung an där Fro u Courage feelt. Den DP-Ausseminister Xavier Bettel géif d’Decisiounen, déi aner Länner huelen, zwar kommentéieren, selwer awer näischt ënnerhuelen, sot de lénken Deputéierten David Wagner en Dënschdeg de Mëtteg op enger gemeinsamer Pressekonferenz mat der Europäescher lénker Allianz (ELA) a BDS Lëtzebuerg, eng Branche vum internationale Mouvement “Boykott, Desinvestissement, Sanktiounen”. Fir déi dräi Acteuren ass kloer, den Drock op Israel muss erhéicht ginn.

En Dënschdeg de Moie war virum Hannergrond vum Treffen vun den EU-Ausseministeren och ee Protestpiquet virum Europäeschen Zenter um Kierchbierg vun ënnert anerem déi Lénk, dem Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient an Amnesty International. Fir déi Lénk hätt den Associatiounsaccord mat Israel scho viru Jore misse suspendéiert ginn, huet den David Wagner duerno am RTL-Interview gesot.
“Schonn nëmme wéinst der joerzéngtelaanger illegaler Besatzung a Koloniséierung vun engem Gebitt, dem Westjordanland, mä elo nach méi mam Genozid, dee geschitt ass zënter 2023, an ëmsou méi elo och den illegale Krich géint de Libanon, wou ee Fënneftel vun der Bevëlkerung op der Flucht ass an immens vill Leit stierwen. Iergendeng Kéier muss een awer dem israeelesche Staat soen, datt et net geet, datt een egal wat mécht, datt et keng Gesetzer méi géife ginn, datt et keen Droit international méi gëtt.”
Eng Partie EU-Länner schwätze sech weider géint Sanktiounen aus, dorënner Däitschland an Éisträich, déi weider op Dialog wëlle setzen. Dobäi brauch et fir eng komplett Suspendéierung vum Associatiounsaccord mat Israel eng Unanimitéit, also Zoustëmmung vun de 27 EU-Memberlänner. Lëtzebuerg kéint awer och op eege Fauscht handelen a Sanctioune géint Israel decidéieren, esou den David Wagner. Dat wier awer bis elo net geschitt. Och op d’Propos vun déi Lénk, de Luxembourg Trade Office zu Tel Aviv zouzemaachen, wier den DP-Ausseminister Xavier Bettel net agaangen.
An der Zivilgesellschaft klëmmt den Drock op d’Europäesch Unioun jiddefalls fir Sanktioune géint Israel ze decidéieren. Eng Petitioun vun der europäescher Biergerinitiativ Justice for Palestine krut a kuerzer Zäit iwwer 1 Millioun Ënnerschrëften. De Lucas Faletic, Generalsekretär vun der Alliance de la Gauche Européenne (ELA), seet sech zefridden. D’EU-Kommissioun wier doduerch nämlech elo obligéiert, ze reagéieren. Eng 60 Organisatiounen an eng 350 Diplomaten hätten d’Initiativ bis elo ënnerstëtzt.