UnicefGenitalverstümmlung bei Fraen: 230 Milliounen Affer weltwäit - 2.200 zu Lëtzebuerg

Chris Meisch
Eng weider 1.100 Meedercher a Fraen am Alter vun 0 bis 19 Joer gëllen als "a Gefor", sou eng rezent Etüd vun Unicef.
© Unicef

Dës Etüd betount, datt dës Praktiken e klore Verstouss géint fundamental Mënscherechter duerstellen. Unicef ënnersträicht, wéi wichteg Preventioun an Opklärung sinn, fir dës Praktiken nohalteg ze bekämpfen.

Déi weiblech Genitalverstümmlung, och „Mutilation génitales féminines“, ofgekierzt MGF genannt, bezeechent all net-medezinesch Agrëffer, bei deenen déi weiblech Genitalien deelweis oder komplett verännert oder beschiedegt ginn. Dës Praktike ginn dacks aus kulturellen oder soziale Grënn duerchgefouert, zum Beispill am Zesummenhang mat Traditiounen oder sozialem Drock. Internationalem Recht no gëllt MGF als schwéier Violatioun vun de Mënscherechter an trëfft virun allem Meedercher a jonk Fraen. All Joer si ronn 4 Millioune Meedercher a Gefor, dës Praktiken ze erliewen, esou de Paul Heber vun Unicef.

“Do gëtt dacks och ee Verglach gemaach mat der Beschneidung zu de Männer, wat wierklech net dat nämmlecht ass. Fir et ëmzedréinen, wann een et op de Mann géing applizéieren, géing een am Fong soen, Mir schneiden him alles erof, wat do ass. Dat ass am Fong den Equivalent. Da ginn ech nach weider Praktiken, wou dat nach vill méi wäit geet, da gëtt dat zougebutt, Frae kënnen, wann si an den Alter kommen, net menstruéieren, dat heescht, do komme ganz vill gesondheetlech Problemer op si duer. Et geet virun allem dorëm, dass der Fra d‘Loscht um Sex geholl gëtt. An et kënnt och reegelméisseg dozou, dass wann dat gemaach gëtt, Meedercher a Fraen dobäi stierwen.“

D’Konsequenze vun der Genitalverstümmlung si villfälteg a kënnen e Liewe laang unhalen. Op kierperlechem Niveau kann et zu staarker Péng, Infektiounen a Komplikatioune bei Gebuerte kommen. Op psycheschem a sozialem Niveau kënnen déi Betraffen Traumata, Angschtstéierungen oder Depressiounen entwéckelen. Doriwwer eraus kann d‘Mutilatioun och Auswierkungen op déi sozial Integratioun an d’Liewensqualitéit vun de Fraen a Meedercher hunn.

D‘Genitalverstümmlung ass virun allem an Deeler vun Afrika staark verbreet, kënnt awer och am Noen Osten an an eenzele Regioune vun Asien vir, wärend se an Europa haaptsächlech am Kontext vu Migratiouns-Communautéiten eng Roll spillt.

PDF Etude UNICEF - MGF au Luxembourg

Zu Lëtzebuerg an a ganz Europa ass dës Praktik illegal a strofbar. Dat hält awer verschidde Leit net dovun of, mat Fraen a Meedercher an d‘Ausland ze reesen, wou dës Methoden nach applizéiert ginn

“D‘Gesetz geet esou wäit, dass wann s du elo sees, mir maachen dat, wa mir an d‘Vakanz ginn, wa mir zréck an eis Länner ginn, d‘Gesetz seet och, dass dat och net an der Rei ass. Dat heescht, alles wat s du ausserhalb vum Territoire mëss an dann erëm zréck kënns, bass du genau esou haftbar, wéi s du et bass, wann s du et hei am Heemlechen an am Stëlle géings maachen.“

Unicef formuléiert eng Rei vu konkrete Recommandatiounen, fir géint dës Praktike virzegoen. Eng wichteg Roll spillt d’Preventioun an d’Sensibiliséierung – souwuel bei de betraffene Communautéite wéi och bei Fachleit am Gesondheets- a Sozialberäich.

“Et ass därmoossen eng Habitude, schlëmmerweis, dass een dat einfach mécht. Dass een dat guer net richteg a Fro stellt an dat ass eeben eppes, wou mir mierken, dass wa mir vill driwwer schwätzen, mir och wierklech kënnen dozou bäidroen, dass déi Astellung sech wierklech ännert. Wann s du déi Leit hues, deenen s du am meeschte vertraus, wann déi scho mol verstinn, dass et net richteg ass, hues du och eng gutt Chance, dat ze änneren. Wann een dat just vun Uewen erof mat Gesetzer mëss, et ass wichteg, déi Gesetzer ze hunn, mee dat ännert natierlech net direkt eppes.“

Vill vun de Leit, déi am Ausland sou Praktiken duerchféieren, verdéngen domat hir Sue fir ze liewen.

Dofir ass et wichteg, esou nach de Paul Heber, hinnen Alternativen unzebidden a si ëmzeschoulen, fir datt si an Zukunft eng Aarbecht maachen, déi de Mënschen net schuet, mee hinnen hëlleft. Wann d’Praktik nëmme verbuede gëtt, besteet de Risiko, datt se heemlech weidergefouert gëtt.

Zousätzlech muss d’Begleedung an d’Ënnerstëtzung vun de Betraffene gestäerkt ginn, heescht et vun Unicef. Hei spillen Organisatioune wéi GAMS Luxembourg, eng ONG, déi sech fir d’Bekämpfung vun der weiblecher Genitalverstümmlung an d’Ënnerstëtzung vu Betraffenen asetzt, eng zentral Roll.

Back to Top
CIM LOGO