Parlamentaresch FroKee Kadaster fir Wandmillen

Kevin Kayser
D'Ministeren Dieschbourg an Turmes reagéieren domadder op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Hansen a Roth.
© AFP (Archiv)

Et ass net méiglech ee Wandkadaster opzestellen. Dat schreiwen d’Ministere fir d’Ëmwelt Carole Dieschbourg an den Energieminister Claude Turmes an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen a Gilles Roth. Déi hate sech nämlech Froen iwwert d’Wandrieder gestallt, nodeems de Claude Turmes an der geschriwwener Presse iwwert déi technesch Méiglechkeete vu grousse Wandrieder geschwat huet. Eng vun de Froen, déi d’Parlamentarier an der Question parlementaire gestallt hunn: Ass ee Wandkadaster geplangt.

QP Wandrieder / Reportage Nadine Gautier

Nee, äntweren déi zoustänneg Ministeren an erklären domadder, datt ee kee Plang kéint erstellen, well ze vill Donnéeë, fir all eenzele Standuert vu Wandrieder missten an d’A gefaasst ginn. An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro ginn do zum Beispill d’Wandverhältnisser, d’Besëtzverhältnisser, d’Distanz zu Bauten oder och nach geschützten Aarte genannt.

D’Ministere präziséiere weider, datt ee bis 2030 den Taux vun den erneierbaren Energie massiv an d’Luucht setze wëll, op 23 bis 25 Prozent. Dat duerch déi ënnerschiddlech Mesuren, wéi Photovoltaikanlagen oder eben och Wandrieder. Déi produzéieren den Ament ëm déi 235 Giga Wattstonnen, eng Donnée, déi een 2017 erreecht hätt. D’nächst Joer soll déi theoretesch méiglech Produktioun bei 239 Giga Wattstonnen pro Joer leien. An 10 Joer drop da bei 676.

Wou kënne Wandrieder histoe kommen? Wéi eng Konditioune mussen do erfëllt ginn? Do schreiwen d’Ministeren Dieschbourg an Turmes, datt dat ëmmer vum Standuert ofhänkt. Zum Beispill géife fir Plazen, wou de Routmilan ënnerwee ass, an der Autorisatioun ee Monitoring Programm virgesi sinn. Dat heescht, datt d’Behuele vum Déier observéiert gëtt. Eng weider Konditioun wier, datt d’Eolienne den Dag iwwer muss ausgemaach ginn, am Fall wou um Buedem geschafft gouf, also Geméint gouf oder d’Recolte agesammelt gouf. 5 Deeg laang duerfen d’Wandrieder dee Moment net lafen.

Enn Mee gouf jo an der Wëntger Gemeng zu Weiler, well do ee Routmilan dout bei enger Eolienne fonnt gouf, de Wandpark gestoppt. Mëttlerweil wier deen awer nees deelweis ugelaf, heescht et vu Wëntger.

Back to Top
CIM LOGO