Bauerenhaff an der StadKee Kuss vum Guss

Monique Kater
Bauerenhaff an der Stad nennt sech eng Initiative, déi zejoert Première a vill Succès hat. Gewise gëtt eng modern Landwirtschaft a wat zu där gehéiert.
© Ketty a Rom Hankes

Wien sech e Bild wëllt maache vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft, sech awer net wëll grouss deplacéieren, kann e Sonndeg vun 10 Auer un bei der Gëlle Fra an der Stad, Kéi a Kaalwer, Gänsen an Hénger a natierlech eng ganz Rei Baueren, live erliewen.

Bauerenhaff an der Stad nennt sech dës Initiative, déi zejoert Première an anengems vill Succès hat. Gewise gëtt eng modern Landwirtschaft, a wat zu där gehéiert. Fleesch produzéieren zum Beispill: Ronn 95% vu de Leit hei am Land konsuméiere Fleesch, a sollen dat ganz bewosst maachen, erkläert de Claude Loutsch, Schwéngsbauer aus dem Weste vum Land, dat heescht: genee kucke wou d'Wuer hier kënnt, a lokal akafen.

De Claude Loutsch

De Client misst emol e bëssen ëmdenken. Ënnert anerem wéi eng Stécker Fleesch ee konsuméiert. Et géifen nämlech niewent Bifdeck, Kotletten oder Ham och nach aner Stécker um Béischt ginn. En Déier misst komplett verwäert ginn. Vill Problemer hätt een net, wann een dëst géif anescht upaken. Et géifen hautdesdaags vill Méiglechkeete ginn esou e Béischt ganz ze kafen a mat Hëllef vu Rezepter besser ze verwäerten. En plus weess een vu wiem et kënnt a wéi se gehale ginn. Et soll een doduerch och e wéineg eng Iddi kréie wat ee keeft a vu wou et kënnt.

Och um Bauerenhaff an der Stad ass d'Schwéngspescht en Thema

VIDEO: De Bauerenhaff an der Stad
Bauerenhaff an der Stad nennt sech dës Initiative, déi zejoert Première a vill Succès hat. Gewise gëtt eng modern Landwirtschaft, a wat zu där gehéiert.

Wéi schonn d'lescht Joer war d'Prominenz beim Show-cooking mat dobäi.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg iwwer eng Campagne géint „Littering“:

VIDEO: D'Carole Dieschbourg iwwert de Littering
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg iwwer eng Campagne géint „Littering“.

D'Baueren, virun allem déi déi mat Schwäi schaffen, si frou, dass deen Zonk elo endlech opgeriicht gëtt, wieren awer nach méi zefridden, wann deen Drot bis an d'Éislek erop géif lafen. Well och deen Deel vum Land wier net sécher. D'Schwéngsbaueren fuerderen och, dass, wann et d'Zone Blanche bis gëtt, grad ewéi an der Belsch, massiv op d'Wëllschwäi geschoss gëtt.

D'Efforte vun der Regierung a Saache Schwéngspescht aus der Vue vum Guy Schmit, Schwéngsbauer vu Bauschelt:

VIDEO: Guy Schmit, Schwéngsbauer vu Bauschelt
D'Efforte vun der Regierung a Saache Schwéngspescht aus der Vue vun engem Bauer.

E Sonndeg kann ee sech de Bauerenhaff an der Stad nach vun 10 bis 18 Auer bei d'Gëlle Fra, ukucke goen. De nächste Rendezvous fir en Dag um Bauerenhaff ze erliewen ass den 30. Juni 2019 zu Féngeg.

Back to Top
CIM LOGO