
Wéi d’Santé eis matgedeelt huet, hu bis elo 23.303 Leit iwwer 60 Joer hiren zweete Rappell geholl. Fir déi 3. Dosis waren et der ronn véier Mol méi. D’Santé hat d’Altersrecommandatioun fir den zweete Booster virun zwou Wochen vu 70 op 60 Joer erofgesat.
Am mobillen Impfbus goufen dëst Joer eng 2.100 Dosisse gesprëtzt. Den Impfbus ass am Prinzip op véier Plazen an der Woch ënnerwee vun dënschdes bis freides. An dat och elo am August.