Fleuristen zu LëtzebuergKeng blummeg Situatioun fir de Secteur

Marc Hoscheid
Um Mëttwoch ass Vältesdag, dowéinst dierfte queesch uechter de Grand-Duché eng Rëtsch Blummebouquete verschenkt gi sinn.
Fleuristen zu Lëtzebuerg
Um Mëttwoch ass Vältesdag, dowéinst dierfte queesch uechter de Grand-Duché eng Rëtsch Blummebouquete verschenkt gi sinn.

Wat den Ëmsaz ugeet, ass et fir d’Fleuristen ee vun deene wichtegsten Deeg vum Joer. Dat virum allem, well et dem Secteur am Grousse Ganzen net wierklech gutt geet.

D’lescht Joer gouf et nach ganzer 59 Blummebutteker zu Lëtzebuerg, dat sinn der aacht manner wéi 2022. Wéi vill aner mëttelstänneg Betriber spieren och d’Fleuristen déi héich Energiepräisser. Virun allem d’Bedreiwe vun den Zäre schléit an d’Suen. Ma och déi grouss Konkurrenz duerch Supermarchéen oder Tankstelle géing deene klenge Betriber d’Iwwerliewe méi schwéier maachen, esou d’Nathalie Warnier, déi ee Blummebuttek zu Stroossen bedreift. Fir kleng Akeef géingen déi mannste Leit extra bei ee Fleurist goen. Déi Leit, déi kommen, hätten iwwerdeems ganz spezifesch an deels onrealistesch Erwaardungen.

“Dat ass hautdesdaags ganz extreem ginn, datt d’Leit zu all Moment alles wëllen hunn. Deen ee kënnt ra fir blo Rousen, deen aneren hätt da gäre Péngschtrousen, wou guer net an der Saison sinn oder, et ginn Honnertdausend Blummen, wou dann net do sinn, wou awer missten do si fir d’Leit. An da fanne se och keng aner Blummen, da kann een hunn, wat ee wëllt, mee et ass näischt, wat da passt.”

Donieft géifen déi meeschte Leit hir Blumme ganz kuerzfristeg bestellen, esouguer fir Feieren, wéi zum Beispill Hochzäiten. A wierklech problematesch wier et iwwerdeems, fir gutt Apprentien ze fannen.

“D’Basis vun de Schoule feelt schonn. Se hu Schwieregkeeten am Rechnen, beim Schreiwen. Dat sinn awer Saachen, déi een u sech och muss kënnen. Domadder geet et schonn un. Wann een eng Commande soll ophuelen an et weess een net, wéi een et schreift oder déi Saachen. Do ass et scho schwéier.”

D’Begeeschterung vun deene Jonke fir de Beruff vum Fleurist schéngt sech och a Grenzen ze halen. D’lescht Joer gouf et grad emol 20 Apprentien.

Back to Top
CIM LOGO