
D’Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber wëll sech net op eng Entrevue mam President vum Luxembourg Science Center aloossen, dee versicht huet, e Rendez-vous mat den Deputéierten ze kréien. No der Reunioun vun der Comexbu sot d’Presidentin Diane Adehm um Mikro vum Michèle Sinner:
“Mir sinn awer och bewosst, datt an deem heiten Dossier och de Parquet am gaangen ass z’enquêtéieren an dofir wëlle mer à ce stade och keng weider Entrevuë mat aussestoende Leit maachen, fir iwwer deen do Dossier ze diskutéieren.”
Op d’Fro, op den Niolas Didier si kontaktéiert hätt, sot d’Diane Adehm:
“Den Här Didier huet mech kontaktéiert, fir eng Kéier iwwert den Dossier ze schwätzen. Hien huet dat a menger Funktioun als Presidentin vun der Comexbu gemaach. An ech hunn dee Mail selbstverständlech un d’Memberen alleguer weiderginn, genee esou, wéi och den Här vun der Fiduciaire et gemaach huet. A mir hunn de Mëtte à l’unanimité zréckgehalen, datt mer weder mat deem engen Här, nach mat dem aner Här schwätzen. Well eben eng Enquête beim Parquet opgemaach ass.”
D’Inspection générale des Finances hat am Kader vun hirer Analyse vun de finanzielle Fluxen tëscht der ASBL Science Center an der Privatfirma vum Nicolas Didier, GGM11, Signalementer beim Parquet gemaach. GGM11 muss sech den 21. Juni awer scho viru Geriicht veräntwerten. Dat, well d’Firma ouni valabel Autorisatioun geschafft huet.