D’Inspection générale des Finances huet am Dossier Science Center rezent eng Denonciatioun beim Parquet gemaach, wéi dësen op Nofro confirméiert.

Si hat d’Finanze vum Luxembourg Science Center am Optrag vum Educatiounsministère analyséiert.

Science Center / Reportage Michèle Sinner

Den Educatiounsministère hat am Abrëll d’Finanzéierungskonventioun mam Science Center wéinst dem President Nicolas Didier sengen Interessekonflikter a Probleemer mat der Gouvernance gekënnegt. Den Nicolas Didier ass President vun der ASBL Science Center an huet an där Funktioun Opträg u seng Privatfirma GGM11 ginn.

Déi Firma huet Aarbechten duerchgefouert, obwuel se zanter dem leschte Summer keng gülteg Autorisatioun méi hat. Dowéinst haten den Educatiouns- an de Mëttelstandsministère eng Denonciatioun beim Parquet gemaach. Déi Enquête ass elo ofgeschloss. Den Dossier wäert elo deemnächst emol an d’Sitzung kommen, e geneeën Datum gëtt et awer nach net, sou e Spriecher vum Parquet.

Donieft verléiert de Science Center weider finanziell Ënnerstëtzung. Den Ëmwëltministère an d’Œuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte hunn hir Finanzéierung vum Projet Change Climate Change mam Science Center op Äis geluecht.

De Ministère an d’Œuvre hate sech engagéiert, fir iwwer 5 Joer de Bau vu 40 neie pedagogesche Statioune fir de Science Center ze finanzéieren. Dat mat jeeweils 1,624 Milliounen Euro. D’Œuvre fuerdert och vum Science Center, déi éischt Tranche fir de Projet vun 325.000 Euro zeréck ze bezuelen.

Den Emile Lutgen, Direkter vun der Œuvre, seet, et géif een de Projet weiderhi fir sënnvoll halen an net ausschléissen, en zu engem spéideren Zäitpunkt ze realiséieren. Mee dofir missten awer d’Froen, also déi juristesch Froe ronderëm de Science Center gekläert sinn.