
Dat confirméiert d'Kulturministesch Sam Tanson op eng entspriechend Fro vun 3 LSAP-Deputéierten.
D'Sécherheet an der Gebléishal, déi 1910 gebaut gi war, wier net garantéiert. A wëll d'Delaie bis 2022 esou kuerz sinn, wier d'Industriehal och net ze renovéiere bis dohinner.
Rieds geet vum schlechten Zoustand vum Bëtongsplafong an Asbest, dee misst ewechgeholl ginn. Dee Chantier vu Sanéierung wier net bis 2022 fäerdeg, sou d'Ministesch, déi awer präziséiert, datt d'Gebléishal soll als industrielle Patrimoine revaloriséiert ginn. D'Fro vun enger Klasséierung vun der Hal géif sech zwar den Ament net stellen, mee am Ministère wier Een am Gaang iwwert d'Zukunft vun deem imposante Gebai nozedenken, dat bis 1997 a Betrib war. Ëmmerhi gëtt et em eng Hal mat enger Surface vun 12.000 Meter-Carré.
Der Ministesch no wieren d'Responsabel vun Esch 2022 ëm d'Coordinatrice Nancy Braun am Gaang mam Fonds Belval aner Sitten um Belval z'analyséieren, déi fir dëst Event kéinte benotzt ginn - präzis Plaze ginn awer keng genannt. De 5. Juni ass iwwerdeem dee nächste Monitoring vun de Preparative fir "Esch 2022" duerch d'Leit vun der EU-Kommissioun.
Sécherheetsproblemer: Esch 2022 kann net an d'Gebléishal op Esch Belval