Froestonn an der ChamberKeng Suergen ëm Waasserversuergung, Busspur och fir Ambulanz-Taxien

RTL Lëtzebuerg
Wéi kënnen Enkpäss beim Drénkwaasser an Zukunft evitéiert ginn? Wéi gesäit et mam Dateschutz an de Wartesäll vun den Dokteren aus?
© RTL-Archiv

A firwat dierfen Taxi-Ambulanzen net op der Busspur fueren? Dat waren nëmmen e puer vun de Froen, déi d'Deputéiert um Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber der Regierung gestallt hunn.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet an hirer Äntwert un d'CSV-Deputéiert Martine Hansen zum Beispill erkläert, dass de Grondwaasserspigel den Ament effektiv ronn 25% méi déif läit wéi soss, ma dass ee sech den Ament keng Suergen ëm d'Waasserversuergung misst maachen.

Fir d'Zukunft géif aktuell e ganze Programm u Mesuren ausgeschafft ginn, wéi Waasser ka gespuert ginn.

Den DP-Deputéierte wollt da vum Gesondheetsminister Etienne Schneider wëssen ob Doktere, Kliniken an Apdikte kloer Instruktiounen hunn, wéi si d'Privatsphär vun de Patienten optimal schützen. Dem Minister no wier de legale Kader hei kloer, ma gëtt awer keng Indikatiounen dozou, ob dat d'Anhale vun deene Gesetzer och kontrolléiert gëtt.

Den CSV-Deputéierte Felix Eischen wollt da vum Mobilitéitsminister François Bausch wëssen, firwat normal Taxien op der Busspur dierfe fueren an Ambulanz-Taxien net. De Minister huet doropshin erkläert, dass sech den Ament zwar nach en Aarbechtsgrupp mat där Fro beschäftegt, ma dass een awer wëlles hätt, d'Busspure fir Ambulanz-Taxien opzemaachen.

Een anere Punkt um Ordre du Jour war eng Motioun vum CSV-Deputéierte Marco Schank iwwert d'Gratuitéit vum Behënnertentransport ADAPTO. D'Notze vun dëse Busse wäert wahrscheinlech net gratis ginn, ausser déi betraffe Persoun fiert domat schaffen.
D'Motioun vum Marco Schank gouf mat den 31 Stëmme vun de Majoritéitsparteien verworf. Wéi et ënnert anerem geheescht huet, géif den aktuelle Transportsystem weider reforméiert ginn. Den Transportminister François Bausch sot, dass den ADAPTO net Deel vum ëffentlechen Transport wier mä eng Zort Taxi-Service. Zil wier, sou den zoustännege Minister, den ëffentlechen Transport fir all d'Leit accessibel ze maachen. Aktuell schléit den ADAPTO mat ronn 12 Milliounen Euro zu Buch. De François Bausch fäert, dass wann dëse Service géif gratis ginn, d'Käschte géifen drastesch an d'Luucht goen. Vun 2020 un ass dëse Service just gratis fir Leit déi domat op d'Aarbecht fueren.

Biolandwirtschaft

20% bis d'Joer 2025, 100% bis d'Joer 2050. D'Biolandwirtschaft stoung e Mëttwoch um Krautmaart eng zweete Kéier um Ordre du jour. D'Orientéierungsdebatt hat wéinst engem Feieralarm am Chambersgebai ëm en Dag misste verréckelt ginn.

D'Vir- an d'Nodeeler vu Bio goufe scho méi dacks wäit a breet diskutéiert. Vill grouss Bio-Géigner gëtt et um Krautmaart net, huet d'Debatt gewisen, ma wéi een d'Ziler wëll erreechen an ob dës iwwerhaapt anzehale sinn, do gëtt et an de Parlaments-Reie bis ewell kee Konsens.
Wou déi Gréng optimistesch sinn, kënnt vun der CSV a vun der ADR zum Beispill éischter Skepsis, wat den Zäitplang ugeet.

De Landwirtschaftsminister Romain Schneider seet, et misst een d'Ziler als sougenannte "Booster" gesinn, dee soll motivéieren, deen d'Biolandwirtschaft soll ukierpen.

Den Debat war fir de Minister d'Geleeënheet eng Bestandsopnam ze maachen an d'Evolutioun vun e puer Chifferen ze presentéieren:

De Minister Romain Schneider - Biolandwirtschaft

Et gouf an der Lescht mat villen Acteure geschwat an et gëtt um Bioaktiounsplang geschafft, deen als Feuille de route dénge soll, fir déi gesaten Zieler z'erreechen.

Bis Enn September soll e Pabeier um Dësch leien, esou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

Mesuren, déi elo schonn annoncéiert ginn, sinn d'Rekrutéiere vun engem Bio-Responsabelen am Ministère, deen als Uspriechpartner a Beroder soll agéieren. Och bei der technescher Agrarverwaltung ASTA gëtt en Zerwiss "Bio" geschafen.

Den Debat war fir de Minister d'Geleeënheet eng Bestandsopnam ze maachen an d'Evolutioun vun e puer Chifferen ze presentéieren. Do géingen d'Zuelen an déi richteg Richtung weisen. An de leschten 10 Joer wier d'Zuel vun de Bio-Produzenten zum Beispill vun 88 op 134 geklommen, sou de Romain Schneider

Bei der Debatt goufen et Stëmmen, datt een ënnert anerem d'Verhale vum Konsument misst besser kenne léieren.

D'LSAP-Deputéiert Tess Burton stellt sech an deem Sënn e puer Froen:

D'Tess Burton - Biolandwirtschaft

Aner Téin déi an der Plenière ze héiere ware waren déi, datt d'Landwirtschafts-Debatt méi sachlech misst gefouert ginn.

De Gusty Graas vun der DP:

De Gusty Graas - Biolandwirtschaft

De Bauer wier och net fir alles de Sënnebock, esou nach den DP-Deputéierten.

Datt den Timing fir d'Bio-Zieler anzehalen ass, do gëtt et vill Skepsis, virun allem bei Deeler vun der Oppositioun.

De Landwirtschaftsminister Romain Schneider seet, et misst een d'Ziler als sougenannte Booster gesinn, dee soll motivéieren, deen d'Biolandwirtschaft soll ukierpen.

Back to Top
CIM LOGO