“KI ass net déi éischt Transformatioun, déi mer an der Schoul erliewen. Wa mer zeréckdenken un den Internet, deen an d’Schoul erakomm ass, do war och op eemol all d’Wësse vun der Welt disponibel”, seet de Gilbert Busana. Fir de Studiendirekter vum Bachelor vun den Erzéiungswëssenschaften op der Uni.lu ass kloer: d’Kënschtlech Intelligenz gehéiert an d’Schoulen. Als eegestännege Cours, awer och transversal an aner Fächer agebaut.
“Mir mussen erklären, wéini notze mer KI. Firwat notze mer KI? Wat däerfe mer domadder maachen? Wéi transparent si mer domadder, a wat fir enge Settingen däerf genotzt ginn? An dann natierlech, ganz wichteg ass och: Et muss ee léieren, mat KI ëmgoen. Wann een– wat een ‘AI Literacy’ nennt – keng Kompetenz huet, fir kënnen domadder ëmzegoen, kann ee se och net kritesch hannerfroen an et kann een net wierklech wëssen, wat ass da lo richteg, wat do erausgeet a wat net.”
Spéitstens a KI-Zäite misst anescht an der Schoul geschafft ginn. Et géif net duergoen, just dat fäerdegt Resultat ze kucken. De Prozess, de Wee dohinner wär wichteg, datt de Schüler säi Wëssen net einfach virtäuscht, mee eegestänneg denkt an d’KI just als Outil, als Ënnerstëtzung benotzt. An net als Denk-Ersatz. “Well soss hu mer herno lauter Schüler oder Bierger, déi net méi kritesch denke kënnen, wa se den Outil net méi zur Verfügung hunn.”
D’Enseignantë misste sech d’Fro stellen, wéi si d’KI am Cours asetzen, zum Beispill als Schreifcoach. “Wou ee seng eegen Iddie fir d’éischt mol eng Kéier opschreift, se mat enger KI confrontéiert. D’KI d’Struktur iwwerdenke léisst, Argumenter refuséiere léisst. A vläicht och déi schrëftlech Kompetenze verbessere léisst duerch eng KI. Datt ee se wierklech als den Outil asetzt, deen se ass”, betount de Gilbert Busana.
D’Kënschtlech Intelligenz ass deemno och eng Chance fir Schüler, déi beispillsweis vläicht net esou begaabt an de Sprooche sinn, dofir awer staark an de Wëssenschaften. Fir d’Enseignanten ass d’KI awer och eng Erausfuerderung. Duerch d’Digitaliséierung an d’KI géif hir Roll sech veränneren. Vum Wëssensvermëttler gi si zum Coach, zum Léierbegleeder, erkläert de Studiendirekter. Den Enseignant misst Virbild sinn, fir duerch seng KI-Kompetenzen ze weisen, wou et higeet, awer och d’Kanner ze motivéieren. Hinnen ze weisen, datt Léiere Spaass mécht.
Ausbildung a Weiderbildung spillen deemno eng wichteg Roll. “Ech mengen, datt et hautdesdaags schwiereg ass Schoul ze halen, wann een déi Saachen ausblent, well et deet ee sech selwer net gutt, mee och de Kanner leescht ee kee korrekten Déngscht a sengem Job.”
Och Enseignanten, déi mat der KI net vill um Hutt hunn, kéinten d’Entwécklung net ignoréieren, betount de Gilbert Busana. Si kéinte sech awer och bei Kolleegen aus der Schoul Hëllef an Iddie siche goen oder Aktivitéiten zesumme maachen. Als Eenzelkämpfer géif een an der komplexer Welt vun haut verlooss do stoen, esou de Gilbert Busana.