Fréier Gemeng HouschentDen Éierebuergermeeschter Léon Faber ass dout

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Gemeng Parc Housen en Dënschdeg matdeelt ass de fréiere Buergermeeschter an Éierebuergermeeschter vun der fréierer Gemeng Houschent, de Léon Faber, verscheet.

Zanter 1994 war hien an der Gemeng aktiv, fir d’éischt als Schäffen an dunn als Conseiller. Op Neijoerschdag 2000 krut hien dunn den héchste Gemengeposten a war bis den 31. Dezember 2011 Buergermeeschter vun der Gemeng Houschent. Fir den offizielle Fusiounsdatum vum 1. Januar 2012 tëscht de Gemengen Houschent, Housen a Konstem, déi zu der Gemeng Parc Housen zesummegewuess sinn, war hien net méi am Amt, ma hien ass weider an der nei fusionéierter Gemeng aktiv bliwwen.

Am Noruff vun der Gemeng Parc Housen ass ze liesen, datt de Léon Faber sech als Vize-President vum interkommunale Schoulsyndikat Sispolo 12 Joer laang an der Gemeng engagéiert huet, an do ënnert anerem um Bau vun neie Schoulgebaier oder och nach vun der Schwämm AquaNat’Our matgewierkt huet.

Back to Top
CIM LOGO