Invité vun der Redaktioun (25. Februar) - Dr. Gérard Schockmel"Mir si Schlusslicht bei der Weiderbildung vun den Dokteren"

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war de Gesondheetssecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Dr. Gérard Schockmel
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et ass eng onglécklech an delikat Affär. Normalerweis ass d’Hemmschwell vun engem Dokter, fir e Confrère ze denoncéieren, ganz grouss, sot den DP-Deputéierten an Dokter, de Gérard Schockmel, e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun iwwer d’Affär ronderëm de provisoresch suspendéierten Dokter Wilmes.

Den Dr. Schockmel fuerdert schonn zanter Jore méi Qualitéits- a méi Patientesécherheet. Do wäre mer hei am Land ganz schwaach opgestallt.

Qualitéitsmanagement a gemeinsam Standarde wiere ganz wichteg. De Problem wier hei am Land déi sougenannt “Liberté thérapeutique”, déi dacks als Fräifaartsschäin benotzt gëtt a méi breet oder méi enk kéint interpretéiert ginn. Dowéinst wiere gemeinsam Standarden, wéini wat zum Beispill operéiert gëtt, wichteg.

En Handicap vum Lëtzebuerger System wier och e Manktem un Hierarchie a Supervisioun an de Spideeler, mengt den Dr. Schockmel. Aus dem Ausland an aus Unisspideeler kennt ee Begrëffer wéi “Oberarzt” oder “Chefarzt” zum Beispill. Do géif et eng aner Hierarchie ginn. Hei zu Lëtzebuerg kéint e medezineschen Direkter dat net erfëllen. Hien hätt keng “Weisungskompetenz” a géif dat och just am Niewenjob maachen. En plus wéilt hie sech bei de Confrèren net onbeléift maachen, andeems e Sheriff spillt an hinnen op d’Fangere kuckt.

De Gérard Schockmel mécht sech staark fir en “Zenter fir medezinesch Exzellenz”. Dee steet och am Koalitiounsaccord. Esou een Zenter, wou digital all Behandlungsresultater erfaasst ginn, géif elo ganz wichteg ginn. Well et wéilt een d’Schwaachstelle gesinn. Mat konkreten, strukturéierten Donnéeë kéinten déi detektéiert ginn, fir sech dann ze verbesseren. Dofir bräicht een awer och eng besser a richteg Digitalisatioun. Do wäre mer wierklech hannendran a misste Gas ginn.

Och bei der Weiderbildung vun den Doktere gesäit de liberalen Deputéierten nach ganz vill Loft no uewen. Do géif sech zanter Joerzéngten näischt doen. Den Dokter wär zwar gehalen, sech um leschte Stand ze halen, mä Pabeier wär gedëlleg. An et wär näischt virgeschriwwen an näischt géif iwwerpréift ginn. Mir wäre Schlussliicht an Europa, wat d’Weiderbildung ugeet.

Allgemeng fënnt den Dokter an Deputéierten et onverständlech, datt sech op deene verschiddene Punkten näischt deet. D’Liberté thérapeutique an d’Hierarchie, déi et net gëtt an de Spideeler, géifen do an de Féiss stoen. Firwat ee bei der Weiderbildung net viru kënnt, kéint hie sech wierklech net erklären. Et misst ee just decidéieren, u wéi engem Land ee sech wéilt inspiréieren. Dat wär e “low hanging fruit”.

E Mëttwoch de Moie war de Gesondheetssecteur Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO