Datt alles glat leeft, dofir suergen déi Leit, déi den Telefon an der Zentral ophiewen. Zanter November 2025 sëtzen d’Calltakers vum 113 am neien nationalen Asazzenter um Findel – am selwechte Gebai wéi virdrun, mee a méi moderne Raimlechkeeten a mat Technik um neiste Stand.
Ronn 380 Mol den Dag schellt den Telefon. Vun engem falsch geparkten Auto bis bei Liewensgefor: alles kënnt eran. Déi éischt Stëmm, déi een an engem Noutfall héiert, ass déi vun engem Calltaker, esou wéi d’Jessica. Si schafft zanter bal engem Joer fest an der Zentral – an huet misse léieren, mat Emotiounen ëmzegoen. “Also um Ufank ass et scho komesch, well et léisst ee sech ganz gär matrappe mat den Emotioune vun de Leit,” erzielt si. “Mee iergendwann, wann ee gesäit, dass dat Wichtegst ass, dass d’Informatioun viru geet, dann ass de Recht egal… Et ass wichteg ze wëssen, wou et geschitt ass, fir dass mir et kënne weider ginn.”
All Detail gëtt direkt an de System agedroen an un déi zoustänneg Police-Eenheet weidergeleet. Am selwechte Raum sëtzt de Chef de Salle, deen d’Asätz koordinéiert. “Mir koordinéieren hei alles, an enger éischter Phas leede mir och den Asaz, deemno wéi kritesch en ass”, erkläert d’Stephanie. “Et kann eng roueg Schicht sinn, et kann natierlech och eng Schicht sinn, déi spannend ass. Et muss een ëmmer flexibel sinn.”
Bei grousse Lage gëtt do och decidéiert, ob de PCO – de Poste de commandement opérationnel – opgemaach gëtt. Do sëtzen dann och zum Beispill Spezialunitéiten an extern Partner wéi de CGDIS mat um Dësch, erkläert de Kim Sosson, Chef de Service Adjoint vum CIN.
Wéi wichteg dat ass, huet sech rezent gewisen – bei der Affär um Lampertsbierg, wou eng Immobilien-Agentin erstach gouf. Hei ass séier decidéiert ginn, de PCO opzemaachen a spezialiséiert Moyenen anzesetzen. “De Stress-Peegel ass natierlech enorm héich. (…) An ab do gëllt et awer fir direkt ze schaffen, direkt ze reagéieren.”
Verschidden Uriff, déi era kommen, bleiwe besonnesch am Gediechtnes. D’Jessica erënnert sech un eng Fra, déi just arabesch geschwat a gekrasch huet. “Ech hunn näischt verstanen, wat si gesot huet. Wann een an engem frieme Land ass an et kritt een et iergendwéi hin den Noutruff ze wielen, mee da kann ee sech net ausdrécken… dat hunn ech scho bësse krass fonnt.”
Och wann et net ëmmer einfach wier, bleift fir d’Jessica ee Gefill am Vierdergrond: “Mir sinn déi éischt Plaz, den éischte Kontakt mam Bierger. Am Fong fänkt et bei eis un. An dat ass schonn e gutt Gefill.”