GarerquartierKichebrand an engem Restaurant

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg den Owend géint 19.20 Auer gouf et e gréissere Pompjeesasaz, bei deem d'Avenue de la Liberté huet misste gespaart ginn.
© Domingos Oliveira

D’Feier war an engem Hannerhaff vun engem Restaurant ausgebrach an et koum zu enger staarker Dampentwécklung.

D’Läschaarbechte ware méi schwiereg. D’Pompjeeën hunn iwwer 2 Weeër de Brand misse läschen, een duerch eng Säitestrooss, deen aneren duerch e Keller. Et huet misse mat schwéierem Otemschutz geschafft ginn.
Am Ganze ware 7 Läschween, 2 Hubrettungsween an 2 Ambulanzen waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO