Elo stellen d'Kanner d'Froen!"Kleng freet Grouss" mam Claude Meisch

RTL Lëtzebuerg
Dëse Sonndeg ass et d'Suite vun eiser Serie, an där Politiker vu verschiddene Parteien d'Froe vun den RTL-Kannerreporter beäntwerten.
"Kleng freet Grouss" mam Claude Meisch
Dëse Sonndeg ass et d’Suite vun eiser Serie, an där Politiker vu verschiddene Parteien d’Froe vun den RTL-Kannerreporter beäntwerten.

Firwat léiert ee réischt am Lycée Englesch? Ass et schwéier, Minister fir zwee Ministèren ze sinn? A géif de Claude Meisch léiwer elo oder an de 70er/80er Joren an d’Schoul goen? Dat sinn ënner anerem Froen, déi eis Kannerreporter Zoé a Charel an enger neier Episod “Kleng freet Grouss” dem Minister fir Educatioun stellen.

De Claude Meisch erzielt am Interview, dass hien et genéisst, wann hie Schoule besicht, hie lauschtert ganz gären deene Jonken no, awer och deenen, déi an de Schoule schaffen: “Wann ee Minister ass, gëtt ee responsabel gemaach fir alles, wat net esou gutt ass. An et geschéien och all Dag Saachen, déi net esou gutt sinn.”

Wéi d’Kannerreporter den Interview erlieft hunn a wat si gutt oder manner gutt an der Schoul fannen, hu si am Kanner-Podcast “Firwaaat” diskutéiert.

Eis RTL-Kannerreporter ënnerhalen sech iwwert d’Schoul an schwätzen iwwert hiren Interview mam Claude Meisch,

Eis Kannerreporter stelle sech vir!

Lionel Ribeiro

Hallo, ech sinn de Lionel, meng Frënn nenne mech och Lio. Am léifste spillen ech a menger Fräizäit Fussball, këmmere mech ëm mäin Hond a reesen och richteg gären. Spéider géif ech gären eng Kéier Profi-Fussballer ginn oder Journalist.

Mäi Motto: Ni opginn, ëmmer dru gleewen.

Julie Ludwig

Ech sinn d’Julie an a menger Fräizäit liesen an turnen ech gären. Wat ech net gären hunn, ass wa Leit onéierlech sinn. Wann ech mir Superkräften eraussiche kéint, da géif ech mech am léifsten onsiichtbar maachen. Mäin Dramberuff wär et, Historikerin ze ginn.

Mäi Motto: Stief mat Erënnerungen, net mat Dreem!

Ivan Caramuta

Moien, ech sinn den Ivan an a menger Fräizäit spillen ech gäre Fussball. Wat ech net esou gären hunn, ass botzen! Wann ech ee Superheld wär, da kéint ech fléien a mäi grousse Wonsch ass et, eng Kéier eng Schräinerei opzemaachen. Wann ech grouss sinn, ginn ech gären eng Kéier Schräiner.

Mäi Motto: Ni opginn!

Charel Schiltz

Hallo, ech sinn de Charel oder wéi ech och heiansdo genannt ginn: de Charel vun Arel. Ech interviewen a menger Fräizäit Museker an interesséiere mech allgemeng fir Musek a Radio maachen. Mäi gréisste Wonsch wär et, och e richteg gudde Mikro ze besëtzen. Spéiderhi wär ech gären e Radiosmoderator oder géif soss eppes am Beräich Medie maachen.

Mäi Motto: Kuck, dass de eens gëss.

Maxime Entringer

Moien, ech sinn de Maxime “Maxu” Entringer a meng Hobbye si Fussball a Musek. Mäi gréisste Wonsch wär et, eng Kéier e Fussballstar ze ginn. Mee op ech spéider Schauspiller, Journalist oder awer vläicht Polizist wëll ginn, weess ech nach net.

Mäi Motto: Wann et der gutt geet, da gëff ëmmer 100 Prozent.

Lou Beltramini

Hallo, ech sinn d’Lou Beltramini. Meng Frënn nenne mech Loup-Garou oder Louchen. Meng Hobbye sinn Tennis spillen, danzen, liesen an zeechnen. Besonnesch gär hunn ech Schnéi, gutt Wieder a Musek. Wann et awer ze waarm ass, hunn ech dat guer net gär, esou wéi och Leit, deenen een net traue kann.

Mäi Motto: Vertrau kengem. / Morgen ist auch noch ein Tag.

Giusi Carenza

Ech sinn d’Giusi! Mäin Hobby ass Reiden a wat ech guer net gär hunn, ass wa Leit agebilt sinn. Wann ech mir eng Superkraaft kéint aussichen, wéilt ech gäre Gedanke liesen. A mäi gréisste Wonsch wier et, nach emol an engem Film matzespillen. Spéider wéilt ech gäre Schauspillerin sinn, oder eng Firma grënnen.

Mäi Motto: Wéi een an de Bësch rifft esou schaalt et zeréck.

Zoé Valente

Moien, mäin Numm ass Zoé Valente. Meng Hobbye si Japanesch léieren, Videospiller spillen an zeechnen. Ausserdeem këmmeren ech mech gär ëm meng Hënn. Mangaen, Tarte Flambée an Dokuen hunn ech besonnesch gär. Spannen awer guer net! A mengem Dramberuff wëll ech eng Kéier eppes mat Geschicht oder Mythologie maachen, ganz genee weess ech dat nach net, mee an deem Genre.

Mäi Motto: Am Liewen ass et wichteg, dass een sech duerchsetzt an net direkt opgëtt. D’Liewen ass e Kampf, et muss ee kämpfe fir weiderzekommen.

Back to Top
CIM LOGO