Interview mam Sven Plöger (Deel 2)"Klimakris vernoléissegen ass déi schlechtst Iddi, déi een iwwerhaapt kann hunn"

Caroline Mart
Den Diplommeteorolog huet sech mam Sujet vun der Klimakris scho méi wéi eng Kéier auserneegesat.
Interview mam Sven Plöger (2)
Mam Meteorolog, deen een aus ARD-Sendunge kënnt, hu mer iwwert déi aktuell Situatiounen op der Welt geschwat.

Am éischten Deel vum Interview huet den Diplommeteorolog erkläert, wéi hien iwwerhaapt zu sengem Beruff koum a wéi hien esouguer ganz ongeplangt bei der Tëlee gelant ass.

Ma net just seng Karriär war Thema am Interview. Mam Meteorolog hu mer natierlech och iwwert d’Klima geschwat a wéi vill Mënschen dorobber reagéieren. Déi schlechtsten Iddi, déi een iwwerhaapt kann hunn, ass, d’Klimakris an Zäite vu Polikrisen ze vernoléissegen, respektiv se eréischt méi spéit ugoen ze wëllen. An den Ae vum Expert,dierf ee genau dës Kris awer net vernoléissegen, well si wäert all déi aner Krisen, déi et op der Welt ginn, an Zukunft an de Schied stellen.

Wat d’Klimakris alles zerstéiere kann, wat et kaschte kann, wat ee verännere muss, wat fir Argumenter absurd sinn a wat Ënnerscheed tëscht Wieder a Klima ass, datt alles am Reportage.

Kuckt hei de kompletten Interview

De kompletten Interview mam Sven Plöger
Mam Meteorolog, deen een aus ARD-Sendunge kënnt, hu mer iwwert seng Karriär ma och déi aktuell Situatioun op der Welt geschwat.

Back to Top
CIM LOGO