Spuer geraumtKollisioun tëscht Auto an Ambulanz op der Kräizung mat der Avenue Marie-Thérèse

RTL Lëtzebuerg
Op der Kräizung vun der Avenue Marie-Thérèse mam Boulevard Grande-Duchesse Charlotte krute sech e Mëttwoch géint 13 Auer en Auto an eng Ambulanz ze paken.
© Domingos Oliveira / RTL

Am Kader vun den Opraumaarbechte war eng Spuer blockéiert an et goung net gutt laanscht.

Wéi d’Police confirméiert wier d’Ambulanz zwar mat bloe Luuchten an aktivéierte Sireenen, mä ouni Patient ënnerwee gewiescht. Eng zweet Ambulanz hätt allerdéngs missen op d’Plaz kommen, fir sech ëm de blesséierten Automobilist ze këmmeren. Wéi de CGDIS mellt, waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad op der Plaz.

© Domingos Oliveira / RTL

Eng Stonn virum Accident an der Stad waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad an d’Diddenuewener Strooss op Hesper geruff ginn. Och hei koume géint 12.11 Auer zwee Autoen net laanschteneen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO