Op eise StroossenKollisioun tëscht Bus an Auto, Motocyclist gefall

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt 4 Accidenter, bei deenen all Kéier eng Persoun blesséiert gouf.
© RTL Archiv

Op der Diddelenger A3 tëscht der Aire de Berchem a Léiweng ware géint 17.10 Auer en Auto an e Moto net laanschtenee komm. De Samu an d’Ambulanz aus der Stad hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert. Weider waren d’Pompjeeën aus der Stad a vun Diddeleng op der Plaz.

Géint 18.31 Auer ass um Belval e Motocyclist gefall a blesséiert ginn. D’Rettungsdéngschter vu Käerjeng-Péiteng a Suessem-Déifferdeng waren am Asaz.

E bësse méi spéit koum et um RN32 tëscht Uewerpallen an Ell zu enger Kollisioun tëscht engem Bus an engem Automobilist. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vu Réiden an Ell.

Zu Éileng un der Mess ass géint 2.30 Auer en Auto an e Gruef geroden. Hei hunn d’Rettungsdéngschter vun Esch-Uelzecht a Monnerech de Blesséierte versuergt.

Géint 14.30 Auer krute sech op der A6 zwee Autoen ze paken, dobäi gouf tëscht der Grenz a Stengefort ee Gefier op d’Kopp gedréint. Ëm déi zwee Blesséiert hu sech d’Rettungsekippe vu Mamer, Stengefort an der Stad, esou wéi de Stater Samu gekëmmert.

Tëscht dem Briddel an dem Rollengergronn ass e Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert. D’Stater Pompjeeën an hir Kolleege vu Koplescht waren am Asaz.

Eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Motorrad gouf et tëscht dem Potaschbierg a Gréiwemaacher. Hei gouf eng Persoun blesséiert, d’Ekippe vu Jonglënster, Mäertert a Fluessweiler, wéi och de Rettungshelikopter waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO