5 BlesséierterKollisioun tëscht Camping-Car an Auto op der A13

RTL Lëtzebuerg
Accident mat engem Camping-Car op der A13 a Richtung Péiteng op der Héicht vun der Opfaart Fréiseng. Géigestänn an der Strooss.
© Domingos Oliveira

Kuerz no 15 Auer waren en Auto an e Camping-Car kollidéiert.
D’Iwwerhuelspuer gouf a béide Richtunge gespaart. Et koum zu 5 km Stau a Richtung Schengen grad ewéi 2 km Stau a Richtung Péiteng.

Wéi de CGDIS mellt, goufe 5 Persoune verwonnt. Am Asaz waren zwou Ambulanze vun Diddeleng an zwou vu Réimech, grad ewéi de Stater SAMU, d’Pompjeeë vu Fréiseng, Uespelt a Réiser.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO