
Am Kompensatiounsfong (FDC) vun der Renteversécherung gi ronn 26 Milliarden Euro geréiert. Dat war de Stand Enn 2021 – déi leschten disponibel Chifferen – an dat huet dee Moment 5,16 Mol den järleche Montant vun de Prestatiounen entsprach, also deem, wat iwwert e Joer u Pensiounen ausbezuelt gëtt.
Et geet also ëm vill Suen an d’Fro, wéi se sollen investéiert ginn, spléckt d’Gemidder – a méiglecherweis och d’Regierungskoalitioun. Am Dezember sollt de Verwaltungsrot vum Kompensatiounsfong eng nei Investitiounsstrategie approuvéieren. Ma sou hat de Christophe Knebeler, secrétaire général adjoint vum LCGB géintiwwer RTL gesot: “Mir hunn d’Reunioun ënnerbrach. Jo, dat heescht, mir sinn opgestanen a gaangen”. D’Salariatsvertrieder ware queesch. Si wëllen, datt de Kompensatiounsfong net méi an Atomenergie investéiert. Si haten den zoustännege Minister fir d’Sozialversécherung, de Claude Haagen (LSAP), fir eng Entrevue gefrot, mee keng kritt.
Am Januar dunn hunn d’Vertrieder vum Staat an de Patronen déi nei Investitiounsstrategie fir d’Joren 2023 bis 2027 ugeholl. D’Salariatsvertrieder hunn dogéint gestëmmt. “Aus dem einfache Grond, well et net méiglech war, d’Atomenergie aus den Investitiounen erauszekréien”, sou de Christophe Knebeler.
Hien huet drop verwisen, datt Lëtzebuerg sech mat Éisträich zesummegedoen huet, dat virum Europäesche Geriicht dogéint klot, datt d’Nuklearenergie an der europäescher Taxonomie vun de nohaltegen Investissementer als “gréng” agestuuft gëtt. Da wier et nëmme koherent, wann och déi Lëtzebuerger Pensiounen net méi dora géifen investéiert ginn, sou d’Argument vu Salariatssäit.
Als Géigenargument, firwat dat net méiglech wier, haten d’Salariatsvertrieder am Verwaltungsrot erkläert kritt, den aktuelle Gesetzeskader vum Kompensatiounsfong géif et net zouloossen, datt ee ganze Secteur komplett aus den Investitioune géing ausgeschloss ginn.
De Claude Haagen muss als Minister d’Strategie, déi um Pabeier “Directive du Conseil d’Administration” heescht, approuvéieren an ënnerschreiwen. De Ball läit also um Enn bei him. An hien hat, nodeems d’Salariatsvertrieder de Vott am Verwaltungsrot boykottéiert haten, d’Konsulatatiounsdebatt an der Chamber ugefrot. Där wollt hie bis elo net virgräifen. Hien hat awer am Januar géintiwwer RTL gesot: “Also all Changementer, déi um Niveau vun der Investitiounsstrategie gesetzlech gebonne sinn an déi Ëmännerung, do muss eng Ëmännerung vum Gesetz kommen”. Hien huet sech deem Argument, et wier gesetzlech net méiglech, ee Secteur auszeschléissen, also ugeschloss. An drop higewisen, datt et schwiereg wier, ze zortéieren, wat iwwerhaapt eng Investitioun an Atomenergie wier a wat net. “Wann een ee Secteur komplett ausschléisst, da misst een deen definéieren, wat fir e Secteur, datt dat wier an da muss ee kucken, ob dat d’Strooss hält, juristesch”, sou de Minister am Januar géintiwwer RTL.
Déi Analys deelt awer net jidderee sou ganz. Zum Beispill d’Koalitiounspartner vun déi Gréng. Den Deputéierte Charles Margue (déi Gréng) sot, am aktuelle Gesetz géing net esou kloer stoen, datt ee kee ganze Secteur kéint ausschléissen. Fir déi Fro ze préiwen, hunn déi Gréng no den Diskussiounen an der zoustänneger Chamberkommissioun am Januar e juristeschen Avis an Optrag ginn. “Wa sech erausstellt, datt dee Gesetzestext vun elo net duergeet, fir (d’Invesitiounsstrategie) Paräis-kompatibel ze maachen, fir den Atom eraus ze kréien, da musse mer eng Gesetzesännerung kréien”, sou de Charles Margue.
Och aus der Zivilgesellschaft gëtt et Kritik. Souwuel un der Approche vun der Féierung vum Kompensatiounsfong an där vum Minister, wéi um Fong. Greenpeace an d’ASTM hunn e Méindeg op enger Pressekonferenz kritiséiert, datt d’Zivilgesellschaft guer net an d’Diskussiounen agebonne gi wier. Si stellen och net just a Fro, datt den aktuelle Gesetzeskader en Ausschloss vun engem Secteur zouléisst, si sinn der Meenung, datt dat ganz wuel méiglech ass.
Konkret steet am Gesetz, dem Artikel 248 am Code de la sécurité sociale: “La réserve de compensation est placée dans le but de garantir la pérennité du régime général de pension. Afin d’assurer la sécurité des placements il est tenu compte de la totalité des actifs et des passifs, de la situation financière, ainsi que de la structure et de l’évolution prévisible du régime. Les placements doivent respecter les principes d’une diversification appropriée des risques. A cette fin, les disponibilités doivent être réparties entre différentes catégories de placement ainsi qu’entre plusieurs secteurs économiques et géographiques. (…)”
D’Investissementer mussen also op verschidde Secteure verdeelt sinn, fir datt d’Pensiounsreserven net ze vill héije Risiken ausgesat sinn. Mee seet d’Gesetz domat och, datt déi Risiken net méi genuch verdeelt wieren, wann ee Secteur - wéi d’Nuklearenergie - géing ausgeschloss ginn an ee weider a vill aner Secteure kéint investéieren?
Greenpeace an d’ASTM fuerderen ënnert anerem, wéi déi Gréng, datt déi nei Invesitiounsstrategie muss kompatibel mam Paräisser Klimaaccord gemaach ginn. Dowéinst misste vill méi Firmen op d’Ausschlosslëscht vum FDC kommen; also déi Lëscht vu Firmen, an déi net méi investéiert gëtt. Den Ament géif de Kompensatiounsfong nämlech just zéng Entreprisen aus Ëmweltgrënn ausschléissen, sou Greenpeace.
Sou Fuerderunge si net ganz nei. Sou heescht et zum Beispill am Rapport annuel vum Kompensatiounsfong vun 2021: "(…) le FDC est bien conscient que sa politique d’investisseur responsable ne sera jamais en parfait accord avec des revendications externes, comme par exemple celles de certaines organisations non-gouvernementales. Ainsi, le FDC va continuer à faire évoluer sa politique d’investisseur responsable par étapes, à son rythme et indépendamment de toute pression extérieure”. Et wéilt een deemno externem Drock, méi gréng z’investéieren, net no ginn.
Aner Sujeten, ëm déi an der Vergaangenheet schonn Diskussioune ginn hat, waren Investitiounen a Firmen, déi Waffe produzéieren, notamment Streebommen. Dorop war och reagéiert ginn an um Site vum Kompensatiounsfong fënnt een an der Ausschlosslëscht eng ganz Rëtsch Betriber, déi dowéinst ausgeschloss sinn.
D’Kontroll doriwwer, datt och wierklech net an esou Firmen investéiert gëtt, iwwerhëlt eng extern Firma. An der neier Investitiounsstrategie vum Kompensatiounsfong gëtt dozou erkläert: "(…) les investissement doivent être conformes aux conventions internationales que le Grand-Duché de Luxembourg a ratifiés. Ce principe est implémenté par le biais d’une exclusion normative de l’univers d’investissement autorisé de l’OPC (d’OPC ass den Investmentfong an deem d’Sue placéiert sinn, Umierkung vun der Redaktioun) des titres de sociétés qui contreviennent aux normes internationales tells qu’entérinées dans les dix principes de Pacte Mondial des nations Unies couvrant les droits de l’homme, l’environnement, les normes internationales de travail ainsi que la lutte contre la corruption (…). Sont également exclues les sociétés impliqués dans des activités liées aux armes controversées, dont notamment les mines anti-personnel, les bombes à sous-munitions, les armes nucléaires, les armes à l’uranium appauvri, les armes au phosphore blanc ainsi que les armes chimiques et biologiques. (…) Des exclusions ne découlant pas de normes internationales ou de la mission légale du FDC, comme par exemple des exclusions thématiques ou de secteurs d’activité entiers, ne sont pas prises en considération (…)”.
Deemno ass et de Verwaltungsrot vum Kompensatiounsfong selwer, dee schreift, datt d’Exclusioun vu ganze Secteuren net consideréiert gëtt. Dobäi kann ee sech froen, ob de Paräisser Klimaaccord, deen Lëtzebuerg als eent vun deenen éischte Länner ratifizéiert huet, net och eng “international Conventioun” ass, déi Lëtzebuerg ëmgesat huet.
Ëmsou méi, well de Kompensatiounsfong op der aner Säit an der neier Strategie virgesäit, nei Fongekompartimenter ze schafen, déi alignéiert si mat den d’Objektiver vum Paräisser Klimaaccord – also dorop, d’Äerderwiermung op zwee Grad Celsius ze limitéieren.
Doriwwer eraus hëlt sech de Kompensatiounsfong an der neier Investitiounsstrategie selwer vir, all dräi Joer ze kontrolléieren, wéi sech d’Trajectoire vum Investitiounsportefeuille mat enger Emissiounstrajectoire vergläicht, déi Paräis-kompatibel ass.
Kritik um Kompensatiounsfong koum d’lescht Woch awer och aus der Oppositioun. Den Eric Weirich, Gemengeconseiller zu Déifferdeng huet ervirgestrach, datt de Kompensatiounsfong wäit ënnert sengem eegenen Zil bliwwe wär, fir fënnef Prozent an de Lëtzebuerger Immobilien z’investéieren. Zejoert hätt de Kompensatiounsfong nëmmen 1,7 Prozent an Immobilien investéiert. Op enger Rentereserv vu 26 Milliarden Euro géif dat bedeiten, datt bal 900 Milliounen Euro do disponibel wären, fir a Logementer z’investéieren, sou kritiséiert den Eric Weirich. De Kompensatiounsfong hätt bis well virun allem a Bürosimmobilie investéiert an hie sot: “Et kann net sinn, datt eis Pensiounsreserven a Commercen a Bürosflächen investéiert ginn, amplaz eben déi Suen ze huelen an an den abordabele Wunnengsmarché z’investéieren”.
Den Debat ass en Donneschdeg de Mëtteg um 14 Auer. Greenpeace an d’ASTM invitéiere fir 13.30 Auer op eng Maniff virun der Chamber.
Kompensatiounsfong: Salariatsvertrieder stëmme géint Investitiounsstrategie
Déi Gréng: Keng Suen aus Pensiounsfong fir Atomlobby
Paquet Logement: Déi Lénk fuerdere eng staark Reaktioun op déi aktuell Wunnengskris
Pensiounsfong: Nei Investissementsstrategie soll an der Chamber debattéiert ginn
Aktiounscomité géint Atomkraaft: Lëtzebuerger Pensiounsfong soll net méi an Nuklearenergie investéieren