Schëss zu Prüm (D)Polizistin bei Asaz ugeschoss a blesséiert, Täter ass op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Tréierer Police mellt, koum et en Dënschdeg zu Prüm zu engem Policeasaz, bei deem eng Beamtin vun engem 25 Joer alen Täter ugeschoss gouf.

Si gouf dobäi liicht blesséiert. Wéi et heescht, wier de Verdächtegen an e Bësch, net wäit fort geflücht. D’Police huet eng Sich no him lancéiert, d’Leit si gebieden de Mann op guer kee Fall unzeschwätzen, keen an der Ëmgéigend mam Auto matzehuelen an d’Police ze kontaktéieren, falls si hie gesinn. De ronn 1,67 Meter grousse Mann gëtt vun der Police als dënn beschriwwen, wärend der Dot hat hien e beigë Pullover mat Kaputz un, eng donkelblo Joggingsbox a wäiss Schong. Et kéint iwwerdeems net ausgeschloss ginn, datt hie sech an engem “psycheschen Ausnamezoustand befënnt”. Verschidden däitsch Medie mellen iwwerdeems, datt de flüchtegen Täter der Police bekannt wier.

Hiweiser si fir d’Police vun Tréier, déi iwwert den däitschen Noutruff 110 oder iwwer d’Nummer 0651 983-40022, respektiv +49 651 983-40022 ka kontaktéiert ginn.

Op hirem Site huet d’Police dës Foto vum flüchtegen Täter Justin K. verëffentlecht
© Collage via polizei.rlp.de

Back to Top
CIM LOGO