
De Lëtzebuerger Pensiounsfong soll eng nei Strategie kréien, déi festleet wouran de Fong investéiert. Ier de Sozialminister dës guttheescht, soll se allerdéngs an der Chamber debattéiert ginn. Dat huet de Claude Haagen en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber op eng Fro vun der Lëtzebuerger Deputéierter Myriam Cecchetti geäntwert.
D’Investissementspolitik vum Pensiounsfong gouf an de leschte Joren ëmmer nees vun Ëmweltorganisatioune kritiséiert, well och an net-erneierbar Energien investéiert gëtt.