No Ultimatum vum Donald TrumpIran brécht Friddensverhandlunge mat den USA of

RTL Lëtzebuerg
Den Iran huet d'Friddensverhandlunge mat den USA ofgebrach. Dat mellen ënner anerem d'New York Times an de Wall Street Journal.
D'Gespréicher tëscht dem Iran an den USA ginn zu Genève an der Schwäiz ofgehalen.
Den Iran brécht d’Friddensverhandlunge mat den USA of.
© JACEK BOCZARSKI/Anadolu via AFP

Den Ultimatum vun den USA leeft an der Nuecht um 2 Auer eiser Zäit of an d’Hoffnung op e Waffestëllstand gëtt méi kleng. Den Donald Trump hat en Dënschdeg de Mëtteg den Toun géintiwwer dem Iran an dem Mullah-Regime nach emol däitlech verschäerft. Op “Truth Social” schreift den US-President, datt an der nächster Nuecht eng “ganz Zivilisatioun” wäert ënner goen an ni méi wäert rëm kommen. Hie wéilt dat zwar net, mä et géif awer warscheinlech sou kommen. 47 Joer Erpressung, Korruptioun an Doud géifen en Enn fannen, sou nach den Trump.

Wéinst där Menace hätt den Iran den direkte Kontakt mat den USA ofgebrach, och wann d’Gespréicher mat de Vermëttler fir eng Wafferou weider géinge goen, schreift de Wall Street Journal. De Chef vun de Minoritéit am Senat, den Chuck Schumer, huet den Trump als “extreem kranke Mënsch” bezeechent an huet d’Republikaner opgefuerdert, anzegräifen. Den aflossräiche rietsgeriichte Podcaster Tucker Carlson huet iwwerdeem erkläert, datt US-Beamte sech all Versuch vum Trump ze widdersetzen, Massenattacken op déi iranesch Zivilisatioun ze starten.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO