LandesverbandKonditioune fir gratis ëffentlechen Transport aktuell net ginn

RTL Lëtzebuerg
De Landesverband schwätzt sech an der ablécklecher Situatioun géint e gratis ëffentlechen Transport aus.

Et géifen den Ament einfach nach ze vill Onzoulänglechkeete ginn, déi een net mat Gratuitéit kéint iwwerspillen. Dobäi stellt d'Gewerkschaft eng Rei Fuerderungen, déi fir d'éischt missten erfëllt ginn, iert Zuch, Bus an Tram gratis ginn.

De „contrat de service public de transport de voyageurs par chemins de fer et par route“ misst eng Lafzäit vun op d'mannst 15 Joer kréien. D'Aarbechtsplazen bei der Bunn sollen esou geséchert ginn.

An d'Tickete sollen an Zukunft nummeréiert ginn.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO