
Se sinn zu ronn 20.000 Memberen an et gëtt se zënter den 1920er Joren. Gaart an Heem och nach Ligue du Coin de Terre et du Foyer genannt, hat haut Kongress zu Rued-Sir, an an deem Kontext gouf d'Politik drun erënnert, bei der Sich no engem Terrain ze hëllefen, op deem een e modernt Gebai kéint opriichten. Dee Bau mat Gaart ronderëm kéint als Sëtz vun der Ligue an anengems als Schoulungszenter genotzt ginn, präziséiert d'Presidentin vu Gaart an Heem, Martine Mergen.
Virun allem Primärschoulen a Lycéeë kéinten esou en Androck kréien. Et wéilt een dat Ganzt dann awer och nohalteg gestallten, sou dass ee weise kann, wéi een de Buedem beaarbechte kann, dat ouni Pestiziden. Dann wëll een awer och eng positiv Energiebilanz hunn am Gebai an ënnert anerem z.B. Waasser spueren. Op alle Fall huet een eng Partie Iddien, och wann nach näischt konkret ass.
Den aktuelle Siège hunn d'Klenggäertner zu Bouneweg, an dat Haus kéint ee mat engem Stéck Land tauschen. Gaart an Heem setzt sech den Ament och staark dofir an, dass an de neie Quartieren, nieft Logement, och Gäert mat ageplangt ginn.
Bei där Zuel vu Membere missten d'Politiker sech eigentlech net ze vill fléiwe loossen...zu 20.000 si se, a virun allem huet Gaart an Heem, als Veräin, eng ganz laang Geschicht! Um Kongress kruten eng ganz Rei Leit Merci gesot, fir hier trei Mataarbecht – dobäi Éiererouse fir zum Beispill 67 Joer laang Member ze sinn, an enger vun den 112 Sektiounen. Deenen hir Vertrieder sinn effektiv eeler Leit – mee Gaart a Gréngs géif och d'Generatioun vun haut intresséieren. D'Martine Mergen: "Hu ganz vill Jonker an der Gäert an därer déi op der Lëscht stinn, fir e Gaart, well se selwer keen Terrain hunn, oder eng Bomi déi een huet. Déi sinn op eis ugewisen an op d'Gemengen, fir dass se iwwerhaapt e Gaart kréien."
Dofir missten d'Gemenge mat hëllefen, andeems se Terrainen, déi deier sinn, well et Bauland ass, en attendant fräigi fir Gemeinschaftsgäert. E Gaart steet fir Liewensqualitéit: "Mir si vu Promoteur ugeschwat ginn, deen net wëllt eng Bëtongsdall tëscht d'Gebaier leeën, mä e Gaart, fir d'Allgemengheet."
D'Politik hëlleft a gëtt Subsiden, erkläert d'Presidentin, a setzt fir deen neie Siège, en Delai: d'Luga 2023, eng grouss Gaardenexpo an der Stad: "Zejoert hu vill Touristen sech fir d'Thema Gaart intresséiert, d'Luga ass bestëmmt e wichtege Projet fir d'Stad Lëtzebuerg a fir d'Land."
Gaart an Heem ass e Veräi mat Traditioun, steet fir Nohaltegkeet a setzt sech a fir Biodiversitéit, Liewensqualitéit vu muer. Eng Naturschutzorganisatioun déi sech awer och der moderner Zäit muss upassen.